Benotzer Diskussioun:194.154.205.47

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Haalt wgl. op, Topegkeeten op d'Wikipedia ze schreiwen oder soss aner topeg Aktiounen ze maachen. Dat gëtt als Vandalismus ugesinn. Wann Dir Saachen ausprobéiere wëllt, da maacht dat wgl. an der Sandkaul.
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentare krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat anonymme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
Moie Benotzer mat der IP-Adress 194.154.205.47,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.
Är Kontributioune gi mat Ärer IP-Adress gespäichert. Sech Umellen huet eng Rëtsch Virdeeler, dorënner d'Méiglechkeet, Biller eropzelueden. Dir hutt no véier Deeg dann och d'Méiglechkeet, semiprotegéiert Säiten z'änneren.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Spär #1351 vun der IP 194.154.205.47[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

ech wollt nofroe firwat genee di uewen uginn IP-Adress 194.154.205.47 gespaart ginn ass. Dës Adress gehéiert zu de Mataarbechter an Archeologe vum Centre National de Recherche Archéologique. Vue dat et sech heibäi em eng staatlech Institutioun handelt di dem Ministère de la Culture ënnersteet, si Vandalismus-Virwërf duerchaus schwéierwigend a sollte gekläert ginn. Entre autre géing et géint eis eigentlech Aufgaben (nozeliesen op www.cnra.lu) goen, sollte vun dëser IP tatsächlech falsch Informatioune verbreet oder aner vandalistesch Akte géint Wikipedia gemaach gi sinn. Ech, als momentane Benotzer vun der IP, hunn bis elo net probéiert eppes op Wikipedia ze änneren an hunn natierlech mat Verwonnerung musse feststellen, dass ech gespaart sinn. Elo kann ech natierlech och wéinst dëser Spär keen Account opmaachen, genausou wéi vill anerer vun eise Mataarbechter. Deemno wier ech frou wann sech dëst sou schnell wéi méiglech, och am Interesse vu Wikipedia, geng kläeren.

Villmools merci a bescht Gréiss

Gudde Moien och,
déi Adress gouf gespaart well se en etlech onbegrënnt Ännerunge gemaach huet, an op dëser Plaz zweemol eng Warnung krut. Déi lescht steet iwwregens nach hei uewen op der Säit. Déi Adress schéngt och kenger bestëmmter Aarbechts- oder Benotzergrupp ze gehéieren. Am anere Fall wieren déi schlecht Ännerunnge vun engem vun Äre Mataarbecher gemaach ginn, wat ech net unhuelen. Se ass elo nees fräigeschalt sou datt Dir e Benotzekonnt kënnt uleeën. --Les Meloures (Diskussioun) 08:13, 21. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]
PS: Aner Membere vun Ärer Grupp konnten allerdéngs e Benotzerkont während der Spär uleeën, deemno benotzen déi warscheinlech net déi selwecht IP-Adress. Éier mir eng IP-Adress spären, kontolléiere mir souwisou ëmmer ob se zu enger Verwaltung oder Institutioun gehéiert. Mir waarden dann natierlech mat Freed op déi vill archeologesch a kulturell Mataarbechter. --Les Meloures (Diskussioun) 08:28, 21. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]
Et ass gär geschitt --Les Meloures (Diskussioun) 12:12, 21. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech soen Iech merci fir d'Ophiewe vun der Spär.

Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.