Benotzer Diskussioun:213.194.42.106
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentare krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat anonymme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
|
Redirekten[Quelltext änneren]
Moien a Merci fir Är Mataarbecht.
Just eng kleng Bemierkung zu de Redirekten. Et ass net ëmmer well eng aner Wiki dat sou mecht datt dat och bei ons muss sou gemaach ginn. Dacks sinn d'Artikelen an den anere Wikien sou ugelucht datt sou e Redirekt e Sënn mécht, awer dacks och net. D'de:Wiki huet z.B e Redirekt fir d'Emissiounslinn an d'Apsotiounslinn, awer och een aneren Artikel fir deen de Redirekt besser géif zoutreffen. Mä dat soll deenen hir Sureg sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:56, 17. Feb. 2015 (UTC)
- Moien,
- Ech hunn Hei geäntwert. --Les Meloures (Diskussioun) 13:36, 23. Feb. 2015 (UTC)
Moien,
kinnt Der vläicht am Artikel zesumme mam Doudesdatum eng Quell uginn, wou steet, dass de Mann gestuerwen ass? An der Online-Press kunnt ech bis ewell näischt fannen, an ech hu kee gutt Gefill, wa Leit fir dout erkläert ginn, ouni datt een dat soss enzwousch noliese kann.
Merci fir Ärt Versteesdemech! --Zinneke (Diskussioun) 14:37, 23. Mäe. 2015 (UTC)
- Dat goung séier; villmools merci! --Zinneke (Diskussioun) 16:07, 23. Mäe. 2015 (UTC)
- De Les Meloures huet dat nogekuckt gehat an an den Artikel gesat net onse Kolleg hei vu London. Deen hat allerdéngs d'Informatioun schonn an de Kommentar gesat. Eng Photo vun der Doudesannonce ass disponibel am Fall wou erwënscht.--Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 23. Mäe. 2015 (UTC)
Bonjour, wéi hei driwwer geschriwwen, hat ech d'Informatioun an de Kommentar gesat. Ech wollt eng Online-Referenz dobäi setzen, soubal ech eng fannen. Ech denken, datt an den nächsten Deeg op rtl.lu, cosl.lu an/oder sportspress.lu eppes online wäert sinn. --213.194.42.106 08:39, 24. Mäe. 2015 (UTC)
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.
Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.