Benotzer Diskussioun:Art'n'go

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moien Art'n'go,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Robby 09:48, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Erklärungen iwwer d'Tabellen[Quelltext änneren]

E Merci, dass De déi Tabellecoden liicht verständlech erkläert hues. Eng grouss Hëllef fir Leit wéi mech, déi bis ewell just mat Knäipen a laangem Piddelen esou Dénger zuwee bruecht hunn.

--Zinneke 12:31, 23. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Ma gär geschitt, ech wollt déi Saachen och emol zentral op enger Plaz stoen hunn, d'Hëllefsäit ass sécherlech déi beschte Palz dofir. --[[Benotzer:Art'n'go|]] 13:07, 23. Jul. 2009 (UTC)


Gudde Moien,

Och merci fir d'Verbesserungen an d'Kompletéiere vun den Hëllef Säiten. Ech hunn der elo och e puer nogekuckt, an erausfonnt datt bei de Printscreens déi agebaut sinn, och nach en etlech Schreiffeeler stinn. Et wier flott wa mer déi och ausgebaut kriten.

Du hues vläicht eng Propose wéi mer do kéinte virgoen.

Les Meloures 10:38, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Ps: Et gëtt och Printscreens déi gesinn net méi esou aus wéi viru 4 Joer. Wa Froe sinn oder ech eppes hëllefe kann net zécken. Du kanns mer och gären eng perséinlech Mail hannerloossen op fb237430@skynet.be
Les Meloures 10:48, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
Mojen, ech hunn op der Säit Wikipedia:Artikel/Wéi_änneren_ech_en_Artikel e Print screen ersat, well déi fréier Versioun vun der lëtzebuerger Wiki schéngt a grousse Deeler nach op Englesch gewiecht ze sinn, wéi d'Briséis seng Biller gemaach huet. Effektiv missten déi meescht ersat ginn, sou datt dat wat ee liest och dat ass wat een op der Wiki gesäit. An der Navigatioun ass och nach villes ze vereenheetlechen ;-) Ech iwwerleeën dat nach. Benotzer:Art'n'go 10:50, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
Salut, wat d'Vereentleche vun de Messagen an der Navigatioun ugeet esou ass et sécher richteg datt dat net ëmer koherent ass. Ech sinn zënter Dezember 2007 am Gaang dorunn ze schaffen a freeë mech ganz bestëmmt wann ech dobäi Hëllef kréien. Déi Messagen ginn op der Translatewiki iwwersat an duerno méi oder manner reegelméisseg an déi verschidde Wikien traansposéiert. Op dëser Säit kann e gesinn wéivill dàer Messagen et gëtt a wéivill nach ze maache bleiwt. An Hëllef ass do natierlech och wëllkomm. Mat beschte Gréiss Robby 18:31, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
Salut Robby, merci fir d'Propose, ech wollt u sech nëmmen eng Partie Hëllefsäiten an d'Rei setzen, ech weess och net méi firwat ech drop gestouss sinn. Mä bon, gemaach ass gemaach. An et bréngt vläischt méi Interessenten dozou, matzeschaffen. --[[Benotzer:Art'n'go|]] 06:54, 26. Jul. 2009 (UTC)

Gudden Owend,

Wann ech dës zwéin Artikel kucken, kommen déi mer bal wéi Zwillinge fir. Vläicht géif et mat engem duergoen? Wat ass deng Meenung?

  1. Hëllef:Menüpunkten
  2. Broken/Menüpunkter

Les Meloures 19:15, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Mojen Les Meloures, dat schénge wierklech Zwillingen ze sinn. Mä wat heescht Broken/ ? Ech gesinn do net kloer wéi dat ganzt strukturéiert gouf. Wann, da misst d'Säit Hëllef:Menüpunkten bestoe bleiwen. --[[Benotzer:Art'n'go|]] 06:54, 26. Jul. 2009 (UTC)


Remoien,

Kuck emol op dës Diskussioun w.e.gl. Vläicht hues du eng Ahnung u wat dat läit. Wann et net anescht geet muss déi Schabloun vläicht manner komplizéiert opgebaut ginn. Les Meloures 11:16, 27. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend, leider sinn ech kee Spezialist an doe mir schwéier mat deene Schablounen, sorry, --[[Benotzer:Art'n'go|]] 16:54, 27. Jul. 2009 (UTC)
Resalut
Da probéieren ech emol déi Schabloun méi einfach opzebauen. Les Meloures 17:57, 27. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]