Benotzer Diskussioun:Clarino

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
' > > > NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER < < <


Moie Clarino,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


--Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:15, 28. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]


Biller eroplueden[Quelltext änneren]

Moie Clarino,

(vläit hutt der de Message déi éischte Kéier net fonnt)

merci fir déi jett Biller, déi Der aus dem Weste vum Land bis ewell eropgeleden hutt. Fir an Zukunft onnéideg Aarbecht ze spueren, dierft ech Iech bieden, dës vun elo un direkt op "Commons" eropzelueden? (Link hei: http://commons.wikimedia.org/wiki/Special:UploadWizard ) Commons ass de gemeinsame Medien"depot" vun alle Wikipediaen (an anere Projete vu Wikimedia) an huet de Virdeel, datt d'Biller esou och an anere Sproochversiounen agebaut kënne ginn. Dofir sinn ech mat e puer aneren am Gaang, souvill wéi méiglech Biller vun hei no do ze "plënneren". D'Prinzip vum Eroplueden op Commons an d'Abannen an d'Artikelen ass d'selwecht, wéi Der en hei gewinnt sidd.

Zéckt net, mech op menger Diskussiounssäit ze kontaktéieren, wann eppes net kloer wier oder Der net eens géift ginn.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 23:15, 23. Abr. 2013 (UTC) --Zinneke (Diskussioun) 15:53, 10. Mee 2013 (UTC)[äntweren]