Benotzer Diskussioun:Clarino25
|
Viichtbaach
[Quelltext änneren]Moien, Ech hunn hei g'äntwert. Nach e schéine Sonnden --Les Meloures (Diskussioun) 09:47, 28. Jul. 2013 (UTC)
Kierch Biekerech
[Quelltext änneren]Moien,
Steet an der Kierch zu Biekerech wierklech eng Westenfelder Uergel. Ech hunn ëmmer gemengt et wier eng Haupt-Uergel. --Les Meloures (Diskussioun) 14:42, 26. Dez. 2013 (UTC)
Atertlinn
[Quelltext änneren]Moien, net wäit vun der Réimervilla steet e klengt Haische laanscht d'Bunn mat engem Panneau derbäi. Wees du duerch Zoufall wat op deem Panneau steet? --Les Meloures (Diskussioun) 19:57, 27. Sep. 2015 (UTC)
- Jo do steet tatsächlech ee Panneau. Mä do si just Informatiounen iwwert d'Haische selwer awer net iwwer d'Villa. Um Site vun der Villa selwer sti 4 däer Tafelen déi iwwert d'Réimer schwätzen, mä leider läit do e Bam driwwer deen ëmgefall ass an t'war schwiereg eng anstänneg Foto dovunn ze maachen ouni d'Blieder an d'Äscht op d'Säit ze maachen. Vum Fong hier stinn do awer méi generell Informatiounen iwwer d'Réimer hei zu Lëtzebuerg.
- Wann ech dëser Deeg engkéier Zäit hu kann ech d'Fotoe vun dëse Panneauen (wat dann eben drop z'erkennen ass) auswäerten. --Clarino25 (Diskussioun) 23:41, 28. Sep. 2015 (UTC)
- Moien, ech wollt just Bescheed soen, datt et net néideg ass déi Fotoen ze maache well ech déi schonn d'lescht Joer gemaach hunn. Ech hunn och Fotoe vum Haischen dat do steet. Op de Panneaue stinn awer keng Informatiounen zum Rippweiler Site mä just allgemeng Saachen iwwer d'Liewen an d'Gëtter vun de Réimer. Eng Foto vum Haische setzen ech emol op Commons, bei de Panneaue gesinn ech keen Interêt. --MMFE (Diskussioun) 12:20, 29. Sep. 2015 (UTC)
- Genee, ech mengen och dass dat net der Wäert ass. --Clarino25 (Diskussioun) 17:01, 29. Sep. 2015 (UTC)
Wikiiessen
[Quelltext änneren]Gudde Moien, Du bass en aktive Wikipedianer a mir invitéieren dech gären op eist Wikiiessen e Samschden, 2. Mäerz 2024 zu Leideleng an duerno um 15:00 op d'AG vu Wikimedia Lëtzebuerg ASBL. Et wier eng flott Geleeënheet fir eis kennen ze léieren. Weider Detailer um Staminee. Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:22, 23. Feb. 2024 (UTC)