Benotzer Diskussioun:ContentForWiki

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien,

Soulaang wéi net substantiel verbessert gouf soll d'Iwwerschaffe-Schabloun stoe bleiwen. --Puscas (Diskussioun) 13:25, 7. Dez. 2020 (UTC)[äntweren]



Informatioune fir nei Benotzer
Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".

Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!



Just eng kleng Info:

Am Lëtzebuergesche hunn d'Nimm obligatoresch ëmmer en Artikel, an d'Damme gi bei ons an den Artikele gedierzt. Et gëet ken Hatt mat deem mer Kéi gehutt hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:49, 7. Dez. 2020

Merci <3

Kënnt dir kee Lëtzebuergesch schwätzen? --Les Meloures (Diskussioun) 13:28, 8. Dez. 2020 (UTC)[äntweren]

Schréiwe schengt net esou meng Stärkt ze sin mee sin doremser emsou méi frou Ennerstetzung ze kreien vun eiser Community.
Hutt dir wéinstens gelies wat an der Infoskëscht hei uewendriwwer steet. Meng éischt Impressioun ass wéi wann dat net de Fall wier. --87.65.83.203 16:20, 8. Dez. 2020 (UTC)[äntweren]
Dir braucht och net bei en Admin wéinst menger kräischen ze goen. Sot mir wat falsch ass un deem wat ech geschriwwen hunn. --87.65.83.203 16:22, 8. Dez. 2020 (UTC)[äntweren]