Benotzer Diskussioun:Daisymupp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

just aus Virwëtz: Du hues schonns zanter bal 14 Joer e Benotzerprofil, dat geleegentlech à jour gesat gëtt; ma bis ewell keng eenzeg Kontributioun un engem Artikel. Firwat dann dat Benotzerprofil?

Freet sech den --Zinneke (Diskussioun) 14:22, 6. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]



Moien Daisymupp,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Robby 20:39, 8 August 2007 (UTC)

Gudde Moien Zinneke,

Jo, effektiv haat ech virun Joren en Profil opgemach well ech mol wollt kucken wéi d'Editioun an der Wikipedia funktionnéiert an hun just meng Profilsäit à jour gesaat. Ech hun awer lo am Kader vun menger Aarbecht am Service Marketing vun der Spuerkeess, d'Demande kritt fir d'Artikeln iwert d'Spuerkeess à jour ze setzen. Ech wärt also an nächster Zäit e besschen méi an der Wikipedia schaffen.


Gudde Moien
Wann et lëtzebuergesch Ausdréck fir eng Funktioun gëtt da solle mer keng englesch Ausdréck gebrauchen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:24, 23. Mäe. 2021 (UTC)[äntweren]

Äntwert op Les Meloures[Quelltext änneren]

Am Text jo, an der Info fannen ech soll den offiziellen Titel stoen, an den ass op Englësch.


Souwäit wéi ech weess ass Englesch nach keng offiziell Sprooch zu Lëtzebuerg.
D'Trésorerie de l'État seet an enger vun den 3 offizielle Sproochen:
  • Président du Conseil d’administration : M. FOHL Camille
  • Mme THOMA Françoise: Directeur Général et Président du Comité de direction
Mir benotzen hei déi offiziell Sprooch Lëtzebuergesch an deemno soll déi lëtzebuergesch Iwwersetzung benotzt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:31, 23. Mäe. 2021 (UTC)[äntweren]

Äntwert op Les Meloures[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Merci fir déi Präzisiounen. Ech klären daat mat dem Responsablen Communication an passen et dementspriechend un.

Bëscht Gréiss

Dann nach eng Kéier fir et méi kloer ze soen: D'Wikipedia ënnersteet kengem Responsable vun der Spuerkees. --Les Meloures (Diskussioun) 09:10, 24. Mäe. 2021 (UTC)[äntweren]
B.G. --Les Meloures (Diskussioun) 09:10, 24. Mäe. 2021 (UTC)[äntweren]