Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Roli1983

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: virun 1 Joer vum Roli1983
Den Artikel oder den Abschnitt Arel, deen Dir ugeluecht hutt, entsprécht net den enzyklopedesche Wikipediakrittären. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren, datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Doriwwer eraus entsprécht dësen Artikel oder des Ännerung op d'mannst engem vun de Krittäre fir direkt geläscht ze ginn. Wann den Artikel oder déi Ännerung bannent dräi Deeg net op engem enzyklopedeschen Niveau ass, da gëtt e geläscht.

Les Meloures (Diskussioun) 08:37, 25. Feb. 2024 (UTC)Äntweren

@Les Meloures Merci fir ären Feedback. Ech hat versicht d'Lëtzebuergesch Versioun räicher ze maachen, an deem ech de franséische Deel, deen wäit méi komplett ass, iwwersat hunn. Lëtzebuergesch ass leider net meng éischt Sprooch an ech verstinn, datt ech wahrscheinlech Feeler gemach hunn. Eventuell wier e bëssen Hëllef fir dëst ze korrigéieren super? Ansonsten kënnen mir zréck op d'Ufanks- an manner komplet Versioun. Keng Problem.
Thank you for your feedback. I was attempting to make the Luxembourgish version Richer by translating the French section which is far more complete. Luxembourgish is not my first language unfortunately and I understand I probably left mistakes. Maybe some help correcting this would be great? Otherwise, we can reverse to the original and less complete version. No problem. Roli1983 (Diskussioun) 14:02, 25. Feb. 2024 (UTC)Äntweren
Informatioune fir nei Benotzer
Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).

Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!