Benotzer Diskussioun:SchnucKi2009

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Merci datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt, an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.
Informatioune fir nei Benotzer
Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".

Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!



Moien, är Ännerungen op Taina Bofferding goufen zréckgesat well dir domat korrekt Wikformatéierungen zestéiert hutt. Dir kënnt gären Ännerunge maachen, mä maacht dat wgl. ouni korrekt Standardformuléierungen ze zerstéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 08:35, 20. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]

Taina Bofferding[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

effektiv sinn ech néi op Wikipedia a ka mer virstellen dass et immens vill Aarbecht ass alles ze superviséieren an dat och nach fräiwëlleg.

Dofir wollt ech froe wei ech w.e.g. den Text vum Taina Bofferding änneren an aktualiséiere kann. Den Text sou wei en elo ass, ass net gutt an net gewenscht well en net uniform ass mat deennen anere Versiounen op anere Sproochen.

Ech géif och gär wessen wei ech déi Foto uploade kann, déi de ministère de l'Intérieur genau fir esou en Gebrauch an Optrag ginn huet, an ech dësen Optrag ausféiere well.

Merci villmools am Viraus

Moien, wann dir eppes änneren an aktualiséiere wëllt kënnt dir dat gär maachen, mä maacht dat wgl., ouni dat, wat bis elo do steet ze zerstéieren well dat gewéinlech eng Standardformuléierung an -opbau ass déi bei all Artikel d'selwecht solle sinn.
Dir sot: Den Text sou wei en elo ass, ass net gutt an net gewenscht
Op den Text net gutt oder net gewënscht ass, dat ass just är Impressioun. (hei ka kee sech eppes wënschen) Wann eppes effektiv net gutt ass, (an Sënn vu falsch) da soll dat mat korrekten Donnéeë verbessert ginn.
well en net uniform ass mat deennen anere Versiounen op anere Sproochen
Keng Wikipedia huet Contraintë fir uniform mat anere Sproochversiounen ze sinn.
Wat d'Eropluede vu Fotoen ugeet do kënnt Dir Informatiounen hei fannen. Mä déi wichtegst Reegel ass: Luet keng Biller erop déi dir net selwer gemaach hutt soss verstoust dir géint de Copyright. Sou Biller ginn direkt proposéiert fir geläscht ze ginn.
Liest och wgl. de Begréissungstext mat sengen Informatiounen. Dat hëlleft Iech och sécher weider --Les Meloures (Diskussioun) 09:33, 20. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]

Taina Bofferding[Quelltext änneren]

Merci fir Är Äntwerten,

ech schaffen an der Kommunikatioun fir den Inneministère, a vu que dass den Text iwwert d'Persoun vun der Ministesch handelt,

an ech den Optrag krut den Text ze ännere gesinn ech elo net Ären Interêt dorun dat net zouzeloossen, vu que dass ech un der direkter Quell setzen en korrekten Text ze publizéiere? 

Wat d'Foto ugeet hunn ech selwer se net gemaach, mee de Ministère fir deen ech schaffen huet d'Foto bei en professionelle Fotograf an Optrag ginn a bezuelt, deen d'Rechter op des un eis ofginn huet. 

"ouni dat, wat bis elo do steet ze zerstéieren well dat gewéinlech eng Standardformuléierung an -opbau ass déi bei all Artikel d'selwecht solle sinn"

Ech verstinn dest Argument net, well den Opbau inspireiert ass vum Etienne Schneider senger Wikipedia Séit an deemno also similär ass wei en aneren Artikel am selwechten Themeberäich op der selwechter Plattform. 

Merci fir Är Hëllef.

Remoien
Da fuere mer lo mol einfach der Rei no: Gitt ons e Link op déi Fotoen fir datt mer gesinn ënner wat fir enger Lizenz se publizéiert goufen. Wann dat gemaach ass fure mer mat den Explicatioune weider. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 10:29, 20. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]

Taina Bofferding[Quelltext änneren]

Ech hunn mer elo Instructiounen fir eroflueden vun engem Bild nach eng Keier duerchgelies, an do gett eng Lizenz verlangt. Ech hun dun mat der Fotografin telefoneiert, déi daat beruflech mescht an si huet mir erklärt dass et deen System mat Lizenzen deen an Deitschland zB üblech ass net benotzt gett. An een zu Letzebuerg d'Foto einfach un den Client verkeeft, deen dan domat kann machen waat en well. Soll ech Iech elo d'Rechnung schecken fir dass et méigleg ass? https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Innenminsterin_Taina_Bofferding_.jpg

Dat musst dir op commons regléieren, dofir gëtt et genee Instruktiounen do.
A wa si hire Copyright verkaaft huet, dann huet lo en aneren deen (z.B: de Ministère). An deem Fall misst deen op de Copyright verzichten an d'Bild ënner enger fräier Lizenz publizéieren, fir datt d'Bild op commons ugeholl gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 11:00, 20. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]