Benotzer Diskussioun:TwentyEighteen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moien TwentyEighteen,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Moien,

Kuck der dat hei mol un --91.176.26.136 12:46, 27. Sep. 2018 (UTC)[äntweren]

Definitiounsännerungen[Quelltext änneren]

Wann een en Text ännert, dee mat Referenze beluecht ass, da mécht een e graffe Feeler, well da schreift een eppes anescht an et behaapt een dat wier duerch déi Referenze beluecht. Dir kënnt gär dat Ganzt ausbauen an derbäisetze mat wat d'Elektrotechnik sech beschäftegt awer d'Definition soll sou bestoe bleiwen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:22, 1. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Lo geet et duer mat deem Getriwwels. Et muss nach ee kommen a soen d'Referenze wiere schlecht a géife falsch verstane ginn. Dat si lexikalesch an enzyklopedesch Referenzen a sou Definitioune kënne guer net falsch verstane ginn. (ausser vläicht vun Iech). Dat geet engem e bësselchen iwwer d'Huttschnouer. --Les Meloures (Diskussioun) 09:31, 1. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]


De Phenomen vun der Elektrizitéit gouf fir d'éischt an engem Buch 1600 vum William Gilbert beschriwwen mat Differentia inter magnerica & electrica.
Dat stëmmt net. Et hat schonn e Griich dat 1000 Joer virdru gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 08:32, 10. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

An wei heescht dann dat Buch ?

Dann kann een un sech och soen déi éischten Elektrotechnik war vun Thales 550 v. Christus, wéi en Bernstein geriwwen huet an domat Chargen getrennt huet an dat iergendwéi an Schrëften weider ginn huet...

Genee dat !!! Awer u sech gehéiert déi Bemierkung och net an den Artikel Elektrotechnik mä an de Artikel Elektrizizéit. D'Geschicht vun der Elektrotechnik fängt a sech eréischt vun deem Ament un, wéi d'en elektresche Stroum (net Elektrizitéit) a groussem Ëmfank elektrotechnesch konnt ausgenotzt ginn. A fir dee Zäitpunkt ginn d'Meenungen dacks wäit auserneen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:40, 10. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]


Moien: Op dëser Säit gouf eng Fro gestallt --Les Meloures (Diskussioun) 16:04, 11. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Et feelen nach ëmmer d'Äntwerten --Les Meloures (Diskussioun) 07:47, 12. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]


Wat ass ënner Wiesselstroummaschinn ze verstoen ??? --Les Meloures (Diskussioun) 18:14, 12. Okt. 2018 (UTC) An villen Sproochen ass eng Maschinn en Motor. :) Ech änneren dat dann op Wiesselstroummotor ...[äntweren]

Ass och besser esou, ëmmer direkt déi richteg Wierder gebrauchen da brauch net nogefrot ze ginn. Dat misst dach fir en dichtegen Techniker net ze schwéier sinn.
Erfindung vum Dynamo, en Gläichstroummotor respektiv Generator. (Zénobe Gramme)
Datt den Dynamo e Generator ass dat dierft bekannt sinn et ass awer doutsécher kee Motor. A sou wéi et do steet kéint ee mengen datt nëmmen en Dynamo e Generator ass.
Et dierft dach och net ze schwéier ze sinn aktiv Sätz ze maachen. Gouf dat net an der Schoul geléiert. --Les Meloures (Diskussioun) 18:34, 12. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]
Déi éischt elektresch Beliichtung mat Metalldréit. (Louis Jacques Thénard)
Wie seet dat? Sou wäit wéi ech wees war dee Mann Chimist. --Les Meloures (Diskussioun) 18:48, 12. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Ech fueren muer mol bei meng Elteren, do leit nach een gudden Buch "Geschichte der Elektrizität" vum Henning Boëtius. Mais dat mam Louis Jacques Thénard steet och iergendwou um däitschen Wikipedia. Ech hunn zeguer elo erausfonnt dass de Zénobe Gramme net den Dynamo erfonnt huet...

wikipedia.de Glühlampe 1801 Louis Jacques Thénard

Bei sou Äntwerten ëmmer den Artikel uginn wou dat steet. Am Artikel Thénard steet op jiddwer Fall näischt dervun. A wéi soos du selwer virun e puer Deeg: net alles gleewe wat op der däitscher Wiki steet. --Les Meloures (Diskussioun) 19:20, 12. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]


https://de.wikipedia.org/wiki/Z%C3%A9nobe_Gramme Er führte seine „Gramme-Maschine“, einen dynamoelektrischen Motor mit kontinuierlicher Induktion, am 17. Juli 1871 vor Wissenschaftlern in Paris vor

https://en.wikipedia.org/wiki/Gramme_machine During a demonstration at an industrial exposition in Vienna in 1873, Gramme accidentally discovered that this device, if supplied with a constant-voltage power supply, will act as an electric motor.

Souwäit ech mech net iren kann en Dynamo en Motor sinn awer och een Generator deemno wéi et gebaut ass oder benotzt gëtt... Dei mécht kennen den Begrëff Dynamo awer als Fahrraddynamo, an do get en effektiv als Generator (Liichtmaschinne) genotzt... dowéinst associéieren déi meescht Dynamo mat Generator... Mhhh ganz sécher sinn ech leider net...

Fir de Fall wou s de dat net an der Geschicht geléiert hues, et ass e Lëtzebuerger gewiescht deen d'Reversibilitéit vum Dynamo erkannt hat. Dee Mann war vun Uewerkäerjeng. --Les Meloures (Diskussioun) 19:35, 12. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Asou, Okay, Majo dat wär jo top fir den Elektrotechnik Wikipedia-Artikel !

Moien, kans du äis mol verroden wat dat Gepiddels mat |alternativtext=|233x233px a.s.w. bei de Biller bewierke soll?? --Les Meloures (Diskussioun) 11:15, 2. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

Ass et méiglech eng Äntwert ze kréien ??--Les Meloures (Diskussioun) 10:14, 5. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

Ech hat bei verschidden Biller probéiert dass en se alleguerten déi gläich horizontale Obléisung hunn (Also gläichen Gréisst)... Vlt. ass doduerch den Code dran komm...

Eis Biller solle keng fix Gréisst (ausser bei raren Aussnamen) mä automatesch Gréissten hunn, déi all Benotzer a sengem Astellunge selwer astelle kann. --Les Meloures (Diskussioun) 10:45, 5. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

Okay