Bradford Robotic Telescope

Vu Wikipedia
De Bradford Robotic Teleskop

De Bradford Robotic Telescope ass e vollautomateschen Teleskop vum Teide Observatoire op Teneriffa. E verschafft automatesch déi Opdträg, déi virdrun iwwer e Browser agespeist goufen. De Service ka vu jiddwerengem benotzt ginn.

Optik[änneren | Quelltext änneren]

Galaxy[änneren | Quelltext änneren]

De Galaxy ass den Haaptteleskop mat grousser Ëffnung a Brennwäit. En huet follgend technesch Daten:

Fir e bessert Ëffnungsverhältnes ze kréien, gouf e Brennwäiteredukter agebaut, deen d'Brennwäit op 1877 mm verkierzt, woumat sech en Ëffnungsverhältnes vun f/5,3 ergëtt.

Cluster[änneren | Quelltext änneren]

D'Cluster ass eng Kamera, mat där Himmelsgebidder vu Moundgréisst fotograféiert kënne ginn. Besonnesch gëeegent fir groussflächeg Galaxien a Rankniwwelen. Hir technesch Date sinn:

  • Gesiichtsfeld: 3°
  • Objektiv: Nikon
  • Brennwäit: 200 mm
  • Kamera: FLI MaxCam CM2-1 mat engem E2V CCD47-10. CCD-Chip mat 1k × 1k Pixelen an 13 µm/Pixel

Constellation[änneren | Quelltext änneren]

D'Constellation ass eng Kamera, déi mat enger einfacher Vergréisserung op den Himmel ausgeriicht ass. Mat hir ass et méiglech, ganz Stärebiller oder grouss Himmelsregiounen ze fotograféieren. Si huet follgend technesche Daten:

  • Gesiichtsfeld: 40°
  • Objektiv: Nikon
  • Brennwäit: 45 mm
  • Ëffnung: 16 mm
  • Kamera: FLI MaxCam CM2-1 mat engem E2V CCD47-10. CCD-Chip mat 1k × 1k Pixelen an 13 µm/Pixel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]