Op den Inhalt sprangen

Caritas Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Caritas Lëtzebuerg
Grënnungsdatum 1932
Sëtz 29, Rue Michel-Welter, Lëtzebuerg
President vakant
Member vu(n) Caritas Europa, Caritas Internationalis
Websäit https://www.caritas.lu
Caritas Lëtzebuerg

D'Caritas Lëtzebuerg ass eng lëtzebuergesch kathoulesch karitativ Organisatioun, déi 1932 gegrënnt ginn ass an en Deel vum internationalen Netzwierk Caritas Internationalis ass.

D'Caritas zu Lëtzebuerg ass de 14. Dezember 1932 als Federatioun vun de kathoulesche karitative Wierker[1] gegrënnt ginn. D'Federatioun ass op den 1. Dezember 1996 opgeléist a mat der Fondatioun Caritas ersat ginn.

Fondatioun Caritas

[änneren | Quelltext änneren]

D'Stëftung engagéiert sech am Déngscht vun der Diakonie vun der kathoulescher Kierch, fir géint all Form vun Aarmut, soziale Mëssstänn, Krankheeten a mënschlechem Misär zu Lëtzebuerg oder am Ausland ze kämpfen.

Si kann Etablissementer, Associatiounen, Wierker oder Persounen déi en änlechen Zweck erfëllen, moralesch oder materiell ënnerstëtzen.

D'Fondatioun orientéiert sech un der chrëschtlecher Visioun vun de Mënschen, de Wäerter vum Evangelium an der sozialer Doktrinn vun der kathoulescher Kierch, mä am Kader vun hiren Aktivitéiten hëlleft d'Fondatioun alle Leit, onofhängeg vun allen ideologeschen, philosopheschen oder reliéise Consideratiounen.

D'Stëftung ka sech op nationalem an internationalem Plang mat aneren Organisatiounen déi en änlecht Zil verfollegen, zesummendinn.

D'Fondation Caritas Luxembourg[3] këmmert sech ëm déi international Zesummenaarbecht an d'humanitär Hëllef grad ewéi ëm d'Flüchtlingshëllef zu Lëtzebuerg. Aner Aktivitéite gi vu verschiddenen Ënnerorganisatiounen assuréiert:

Presidentin vun der Fondation Caritas Luxembourg war vun 2013 bis Dezember 2024 d'Marie-Josée Jacobs.[7],[8]

Generaldirektioun

[änneren | Quelltext änneren]
Vu(n) Bis Generaldirekter
1989 2009 Erny Gillen[9]
2009 2020 Philippe Streff[10]
2021 2024 Marc Crochet[11]

Finanzskandal 2024

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Am Juli 2024 koum e Finanzbedruch un d'Dagesliicht, bei deem bannent fënnef Méint am ganzen 61 Milliounen Euro op Konten am Ausland iwwerwise goufen a (ganz oder deelweis) verschwonne sinn[12].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Caritas-Affär.

An der Folleg vun där Affär huet Caritas seng iwwer 500 Mataarbechter verluer and huet souwuel am Inland wéi am Ausland seng Aktivitéite missen astellen.

Zu Lëtzebuerg goufen dës zu engem groussen Deel vun der nei gegrënnter Asbl HUT – Hëllef um Terrain iwwerholl.[13].

Och d'Ënnerstëtzung vun Hëllefsprojeten am Ausland duerch d'Fondatioun Caritas gouf komplett agestallt. En Deel dovu gouf vun aneren ONGen iwwerholl, an de Kooperatiounsministère huet sech am September bereet erkläert, eenzel Projete weider z'ënnerstëtzen, deels just mat klengen Zommen an och just fir eng kuerz Zäit nach, deels iwwer méi laangfristeg Engagementer. Ënner anerem betrëfft dat Projeten an der Tierkei, am Bangladesch, am Mali, am Laos an a Moldavien. Anerer ë.a. am Laos an am Südsudan, goufen zougemaach.[14]

 Commons: Caritas in Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Fédération luxembourgeoise d'œuvres catholiques de charité, gekierzt Fédération Caritas asbl / (de) Katholischer Luxemburger Caritasverband; RCS F7290
  2. Artikel 2 vun de Statuten, gekuckt op lbr.lu den 2. OKtobver 2024
  3. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr G38
  4. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr F578
  5. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr F4414
  6. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr F8911
  7. wort.lu: Marie-Josée Jacobs prend la tête de Caritas Luxembourg (13. Dezember 2013)
  8. "Marie-Josée Jacobs gibt Caritas-Vorsitz ab." wort.lu, 04.12.2024.
  9. (fr) Erny Gillen | Paperjam + Delano Business Guide. en.paperjam.lu. Gekuckt den 02.10.2024.
  10. (en) Philippe Streff. linkedin.com. Gekuckt den 02.10.2024.
  11. (fr) Marc Crochet | Paperjam + Delano Business Guide. paperjam.lu Archivéiert de 07.10.2024. Gekuckt den 02.10.2024.
  12. Caritas um mehrere Millionen bestohlen, 19. Juli 2024, Reporter.lu
  13. (lb) Caritas-Affär: De Staat gëtt der Caritas e Kredit, fir hir Aktivitéite kënnen ofzewéckelen. www.rtl.lu. Gekuckt den 02.10.2024.
  14. Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 7: International Konsquenzen, 100komma7.lu, 17.03.2025.