Op den Inhalt sprangen

Caritas-Affär

Vu Wikipedia
Dësen Artikel/Abschnitt beschreift en aktuellt Evenement. D'Informatioune kënnen also séier änneren, sou wéi d'Evenement sech entwéckelt; et ass méiglech datt Informatiounen iwwer eng rezent Entwécklung nach net à jour gesat goufen. Zéckt net den Artikel/Abschnitt ze verbesseren a vergiesst net, är Quellen ze zitéieren.

Als Caritas-Affär gëtt eng Affär bezeechent, déi am Juli 2024 un d'Dagesliicht koum an an där et em Finanzbedruch bei der Caritas Lëtzebuerg geet, wou bannent e puer Méint am Ganzen eng 61 Milliounen Euro op Konten am Ausland iwwerwise goufen an (ganz oder deelweis) verschwonne sinn.

Chronologie vun der Affär

[änneren | Quelltext änneren]
De Logo vu Caritas Lëtzebuerg
  • 19. Juli 2024: de Radio 100,7 mellt als éischten, datt bei der Caritas "61 Milliounen Euro geklaut" goufen an datt eng héich placéiert Mataarbechterin am Verdacht steet, eppes mam Verschwanne vun de Suen ze dinn ze hunn. D'Caritas confirméiert d'Informatioune vum Radio a seet, si hätt eng Plainte gemaach an d'Regierung informéiert[1][2]. Et sollen eng Rei Iwwerweisungen tëscht allkéiers 250.000 a 500.000 Euro vu Lëtzebuerg aus op eng spuenesch Bank gemaach gi sinn[3].
  • 21. Juli 2024: Déi Gréng froen eng dréngend Sëtzung vun der Chamberkommissioun déi fir Familljenaffären zoustänneg ass.[4]
  • 22. Juli 2024: eng Persoun déi am Zesummenhang mat der Verontreiung verdächtegt gouf, ass aus fräie Stécker bei d'Police gaangen. Si gouf verhéiert an duerno festgeholl[5]. De Caritas-Direkter Marc Crochet deelt mat, datt d'Caritas ni 60 Milliounen op de Konten hat. Et wieren effektiv ronn 28 Milliounen "verschwonnen" iwwerdeems et sech bei den aneren 33 Milliounen ëm Kreditter handele géif, déi déi presuméiert Täterin ënner falsche Viraussetzunge vu Banken accordéiert krut. D'Caritas seet weiderhin, datt nach e bësse Reserven do sinn, fir de Mataarbechter hir Paien ze bezuelen. Mat enger externer Berodungsfirma gëtt gekuckt, wéi d'Kontrollprozedure verbessert kënne ginn.[6] Den Äerzbistum Lëtzebuerg, deem d'Caritas jo no steet, huet iwwerdeems matgedeelt, datt e fir de Moment keng Ausso zu dësem Dossier maache kann.[7]
  • 24. Juli 2024:de Premierminister Luc Frieden seet, datt d'Caritas grouss Problemer huet, wat d'Gouvernance ugeet. Hie seet nach, datt et sech bei der Caritas net ëm eng staatlech Organisatioun mä ëm eng ONG handele géif an datt de Staat den Ament keng weider Finanzéierung fir d'Associatioun iwwerhuele kann. De Staat bezilt der Caritas ronn 21,5 Milliounen am Joer fir ë. a. d'Betreiung vu Flüchtlingen oder fir d'Ënnerstëtze vun de Sans-abrien. Et kéint zu deem Ament nach net gesot ginn, wéi vill ëffentlech Gelder vum Finanzskandal betraff wieren. An den Ae vum Premier "huet d'Caritas e grousse Problem a se muss selwer kucken, wéi se dëse Problem léist".[8]
  • 29. Juli 2024: d'Caritas huet e Krisekommitee zesummegesat, absënns fir d'Aarbechtsplaze vun hire Mataarbechter ze sécheren. D'Presidence vum Kommitee gëtt vum Christian Billon, engem externe Beroder aus dem Finanz- a Sozialwiesen assuréiert, iwwerdeems déi aner Memberen all aus dem Verwaltungsrot vun der Caritas sinn. De Kommitee gëtt do dernieft vun Experte vun der Wirtschaftspréiwerfirma PWC ënnerstëtzt.[9]
  • 5. August 2024: den Ausseministère, ënnert deen d'Entwécklungshëllef fält, huet och d'Aidë fir d'Caritas gestoppt, wat mat sech bréngt, datt ronn zéng Hëllefsprojete weltwäit riskéieren net kënne weidergefouert ze ginn, dorënner z. B. Solarpanneauen fir bannenzeg Flüchtlingen an der Ukrain, Liewensmëttelverdeelung a Syrien oder landwirtschaftlech Projeten am Mali. Betraff sinn och d'Caritas-Büroen am Südsudan an am Laos. Um nationale Plang feele ronn 24,5 Millioune fir Projete wéi ë. a. d'Streetworker, de Centre Ulysse, de Sozialbistro Le Courage, verschidde Fraenhaiser, Strukture fir psychesch krank Leit oder d'Wanteraktioun. Et gëtt och bekannt, datt déi verdächtegt Persoun net just bei der Caritas selwer fir d'Finanzen zoustänneg war, mä – bis den 30. Juli 2024 – och Tresorière bei der Spëndche war, där Asbl déi zoustänneg ass fir d'Sozial Epicerië vun der Caritas an dem Roude Kräiz ze beliwweren.[10]
  • 6. August 2024: de Parquet deelt mat, datt déi frauduléis Virementen aller Warscheinlechkeet no op e sougenannte „Presidentebedruch“ zréckzeféiere sinn, enger krimineller Machenschaft bei där en Employé vun engem Betrib, deen autoriséiert ass Virementen ze maachen, dozou bruecht gëtt, fir falsch Rechnung ze bezuelen oder onerlaabt Geldtransferten ze maachen[11]. Duerch de Bedruchsfall steet d'Caritas an hir ronn 500 Mataarbechter virun engem finanziellen Aus. De Krisekommitee huet iwwerdeems festgehale fir zwou nei Strukturen op d'Been ze stellen, déi da vu September un, d'Geschäfter wéi gewinnt weiderféiere sollen, woubäi déi national an international Projete separat solle geréiert ginn. De Premierminister huet sengersäits gesot, datt de Staat e Comité d'accompagnement agesat hätt fir déi weider Entwécklung an der Affär ze suivéieren.[12]
Eng Agence vun der BBVA zu Laguardia
  • 19. August 2024: éischt Detailer iwwer déi "falsch Virementen" gi bekannt: de 7. Februar 2024 krut d'Finanzcheffin vun der Caritas en E-Mail vun enger Gmail-Adress an där sech den Expediteur als de Generaldirekter vun der Caritas, Marc Crochet, ausginn huet. Doranner seet den angeeblechen Direkter, hir géif sech momentan ëm eng bedeitend finanziell Transaktioun këmmeren, iwwer déi awer nach net dierft geschwat ginn. D'Caritas-Employée kritt och nach (gefälschten) Donnéeë vun engem Paräisser Affekot, mat deem si sech soll a Verbindung setzen. An der Folleg vun dësem mysteriéisen Investissement sinn der Caritas hir Konte bannent e puer Méint geplëmmt ginn: mat ronn 120 Iwwerweisunge vun allkéiers manner wéi 500.000 Euro sinn d'Suen op Dosende Konte bei der spuenescher Bank BBVA (Banco Bilbao Vizcaya Argentaria) gefloss. Fir verschidde Stëmme schéngt d'Thees vum Presidentebedruch awer onbegräiflech, besonnesch well et sech ëm repetitiv Virementen iwwer eng Period vun e puer Méint handelt. Reporter.lu huet erausfonnt, datt déi ganz Affär nëmme méiglech gouf duerch eng schwaach Gouvernance vun der Caritas, feelerhaften interne Kontrollen an de Banken (Spuerkeess a BGL BNP Paribas), déi d'Kreditter quasi blannemännches accordéiert hunn. D'Commission de surveillance du secteur financier (CSSF) iwwerpréift hirersäits och d'Ëmstänn, ënner deenen déi zwou Banken d'Kreditter accordéiert hunn.[13]
  • 2. September 2024: Reporter.lu mellt, datt de Bedruch schonn uganks Mee hätt kënnen opgedeckt ginn. En Employé vun der Beroderfirma Grant Thornton, déi d'Finanze vun der Caritas iwwerpréift, freet am Finanzdepartement vun der Fondatioun no Detailer zu verschiddene Virementen, déi tëscht Enn Januar an Enn Februar 2024 ouni déi néideg Dokumenter gemaach goufen. D'Finanzdirektesch ass besuergt, datt den Auditeur Piècen iwwer déi betraffe Viremente gefrot huet a proposéiert dem falschen Direkter an engem E-mail, fir net op d'Demande vum Auditeur anzegoen.[14]
  • 4. September 2024: de Premierminister confirméiert nach eng Kéier, datt de Staat weiderhi keng Sue méi un d'Caritas iwwerweise géif. Hie seet och, datt de Staat keng Sue beim Skandal verluer hätt; d'Caritas hätt nämlech nach annerhallef Milliounen Euro zegutt, fir Saachen déi si scho geleescht huet. An Zukunft géif de Staat just nach mat der personell a strukturell nei opgestallter Caritas-Nofollger-Struktur zesummeschaffen, déi vun Oktober u funktionéiere géif. Net gewosst ass zu deem Zäitpunkt, ob déi nei Struktur dat ganzt Personal vun der Caritas iwwerhuele kann.[15]
  • 13. September 2024: déi nei Associatioun, déi vum 1. Oktober Deeler vun den Aufgabe vun der Caritas iwwerhëlt, gëtt virgestallt: HUT – Hëllef um Terrain. D'Mataarbechter vun der Caritas déi op nationale Projete schaffen, kënne bei HUT wiesselen, iwwerdeems déi 20-30 Leit vun den internationale Projete riskéieren, hir Plaz ze verléieren.[16]
  • 14. September 2024: D'Fondatioun Caritas deelt mat, datt se mat hiren internationalen Aktivitéiten (absënns Projeten a Westafrika, der Ukrain, a Moldawien, am Südsudan, am Kosovo, der Tierkei, dem Laos, am Bangladesch an am Noen Osten) ophale muss an datt 30 Mataarbechter zu Lëtzebuerg an der 70 am Südsudan an am Laos hir Plaz verléieren.[17]
  • 17. September 2024: vum spuenesche Parquet général gëtt confirméiert, datt d'Lëtzebuerger Autoritéiten de Parquet vu Malaga op Basis vun engem European Investigation Order kontaktéiert hunn. An engem Pressecommuniqué begréisst den Äerzbëschof d'Efforte vu jidderengem deen dru geschafft huet, fir datt e groussen Deel vun den Aktivitéite vun der "aler" Caritas virugefouert kënne ginn, bedauert awer datt déi international Aarbecht op en Enn kënnt. Weider heescht et, datt den Äerzbistum d'Onofhängegkeet vun der neier Associatioun respektéiere géif.[18]
D'Marie-Josée Jacobs, Presidentin vun der Caritas
  • 25. September 2024: de Stater Parquet huet eng virleefeg Enquête géint déi zwou Banken (Spuerkeess a BGL BNP Paribas) an d'Weeër geleet fir erauszefannen ob géint berufflech Obligatiounen am Kader vum Anti-Blanchimentsgesetz verstouss gouf oder net. Am konkreete Fall vum Caritas-Bedruch goufen eng Rei Virementen op "falsch" spuenesch Bankkonte vun zwou auslännesch Entitéite gemaach (Caritas Internationalis am Vatikan an ASAM an der Tierkei) déi guer net a Spuenien aktiv sinn. D'Montanten déi iwwerwise goufen an déi kuerz Zäitspan an där d'Transferte gemaach goufen, hätte bei de Lëtzebuerger a spuenesche Banke missten Alarm ausléisen. Och bei Dokumenter déi vun der Spuerkeess fir e Kredit vun 10 Milliounen un d'Caritas opgestallt goufen, schéngen et Irregularitéiten ze ginn. Obwuel z. B. den Numm vun der Presidentin vun der Caritas, Marie-Josée Jacobs an dee vum Administrateur Alphonse Wagner drop stinn, sinn d'Kontrakter vun der Finanzdirektesch paraphéiert an ënnerschriwwe ginn.[19]
  • 27. September 2024: verschidde Stëmme melle sech zu Wuert: eng Caritas-Mataarbechterin temoignéiert[20] a seet, datt d'Personal an enger Ongewëssheet gelooss gëtt, et géif net mat hinne geschwat a si wéissten net, wéi hir Situatioun sech entwéckele géif. Den Äerzbëschof sengersäits seet, datt kee sech bei him gemellt hätt an datt hie kee Kontakt opgeholl huet, well en "net wollt mat der Dier an d'Haus falen". Och d'Caritas-Presidentin mellt sech zu Wuert. Si entschëllegt sech beim Personal a gesäit an, datt si sech méi hätt missen ëm d'Mataarbechter këmmeren.[21]
  • 1. Oktober 2024: am Kader vum Transfert vun de Caritas-Mataarbechter bei HUT gesäit ë. a. den OGB-L, datt aarbechtsrechtlech net alles ganz korrekt ofgelaf wier, datt z. B. Leit ënner Zäitdrock gesat goufe fir z'ënnerschreiwen. D'Gewerkschaft wéilt dowéinst och eng Plainte maachen. Et gëtt och an der Chamber kritesch Stëmme wat den Transfert ugeet.[22][23]
  • 2. Oktober 2024: vun den 349 potentielle fréiere Caritas-Mataarbechter déi bei HUT hätte wiessele kënnen, hunn der 324 dat gemaach; zwou Persounen (dorënner de Paul Galles[24]) wollten dat net an anerer konnten dat zu deem Zäitpunkt net, well se entweeder am Congé oder am Krankeschäi waren.[25]
  • 7. Oktober 2024: war et uganks esou, datt d'Regierung (absënns de Premier an de Kooperatiounsminister) der Caritas net hëllefe wollt, sou huet se deels wéinst der Drock vun der Oppositioun (LSAP, Déi Gréng an Déi Lénk) an awer och well nach keng Léisung fir d'Betreiung vun de Flüchtlingen an Aussicht stoung, Enn September misse géigesteieren. Ënner strengen Oploe soll d'Caritas elo awer Sue vum Staat kréien, fir ë. a. sou vill international Projete wéi méiglech retten ze kënnen an datt kee seng Aarbecht verléiere soll. Am Zesummenhang mat der neier Entitéit, HUT, déi zënter dem 1. Oktober déi national Aufgabe vun der Caritas iwwerholl huet, gouf et eng Partie Kriticken, absënns well net kloer genuch mam Personal dat sollt iwwerholl ginn, kommunizéiert gouf an d'Aarbechtskontrakten eréischt op de leschte Stëppel an ënner Zäitdrock hu missten ënnerschriwwe ginn. Et blouf awer derbäi, datt d'Mataarbechter vum Departement fir d'international Projeten net iwwerholl goufen.[26]
  • 9. Oktober 2024: de Stater Parquet confirméiert nach eng Kéier, datt ee weiderhi vum sougenannte Presidentebedruch ausgeet an datt d'Enquête erginn huet, datt bannent ganz kuerzen Intervallen iwwer 8.200 Transaktioune gemaach goufen, mat deene Suen op eng Abberzuel Konte weltwäit iwwerwise goufen, wat verstäerkt op eng kriminell Organisatioun hindeit.[27] Méi spéit geet rieds vu Konten a China, zu Hong Kong an a Litauen.[28]
  • 10. Oktober 2024: op d'Initiativ vun enger LSAP-Resolutioun, huet d'Chamber eestëmmeg dofir gestëmmt, fir eng Spezialkommissioun an d'Liewen ze ruffen, fir der Regierung hir Aarbecht am Dossier Caritas z'iwwerwaachen. D'Kommissioun soll dann och d'Aarbecht zentraliséieren, vun deem, wat bis dohi vu siwe verschiddene Chamberkommissioune gemaach gouf. De Familljeminister Max Hahn sot iwwerdeems, datt d'Regierung probéiere géif, fir Léisunge fir déi verbleiwend Caritas-Mataarbechter ze fannen.[29]
  • 15. Oktober 2024: wéi elo bekannt gouf, sinn an den 61 Milliounen déi verontreit goufen, och iwwer 3,5 Milliounen dran, déi der Fondatioun Cécile Ginter gehéiert hunn. D'Dagesgeschäft vun der Fondatioun ass nämlech vun der Caritas assuréiert ginn. Op der Kipp stinn elo zwee grouss Projete fir Sozialwunnenge mat am Ganze 50 Appartementer.[30]
  • 17. Oktober 2024: d'Enquête déi am Gaang ass, schéngt sech op eng kriminell Band aus Bulgarien ze konzentréieren; Krimineller hätten angeeblech vun der inculpéierter Finanzcheffin hirer fragiller psychologescher Situatioun a vun der Schwächt an der Caritas-Gouvernance profitéiert fir de Milliounebedruch ze maachen. Iwwer Méint, tëscht Februar an Ufank Juli 2024, hätt d'Finanzdirektesch deemno Uerderen ausgefouert déi se just elektronesch oder iwwer Telefon vum falschen Direkter a vum falsche Paräisser Affekot kritt huet. Dobäi kënnt dann nach, datt dräi Membere vum Direktiounscomité Honnerte frauduléis Virement ënnerschriwwen hunn, mat deenen d'Suen all a Spunien transferéiert goufen. Reporter.lu wëll erausfonnt hunn, datt eng Hellseeërin mat an d'Affär soll verwéckelt sinn. D'Finanzdirektesch wär an enger Zort Noutsituatioun gewiescht an hätt déi Warsagerin iwwer Telefon kontaktéiert. Wärend enger ganzer Rëtsch "Consultatiounen" iwwer Telefon, hätt si nieft intimen Detailer aus hirem Privatliewen och iwwer berufflech Problemer, d'Schwächte vun der Caritas-Organisatioun an hirer mentaler Situatioun präisginn. Déi Informatioune wieren da vun der Hellseeërin un d'bulgaresch Band virugedroe ginn.[28]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (lb)Jean-Claude Franck, Krisesituatioun bei der Caritas: 61 Milliounen Euro geklaut. 100komma7.lu (19.07.2024). Gekuckt de(n) 16.10.2024.
  2. (fr)Communiqué du parquet de Luxembourg dans le dossier dit « Caritas ». justice.public.lu (19.07.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  3. (de)Ermittlungen laufen: Caritas um mehrere Millionen bestohlen. Reporter.lu (19.07.2024). Gekuckt de(n) 16.10.2024.
  4. (lb)Finanzskandal Caritas: déi gréng fuerderen dréngend Sëtzung vun der Familljekommissioun. 100komma7.lu (21.07.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  5. (fr)Communiqué de suivi du parquet de Luxembourg en relation avec l'affaire Caritas. justice.public.lu (22.07.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  6. (de)Mutmaßliche Veruntreuung: Eine Person in Caritas-Affäre verhaftet. Reporter.lu (22.07.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  7. (lb)Ana Angel, Frieden iwwer Caritas: Prioritéit läit um weidere Fonctionnement vun de Strukturen. 100komma7.lu (22.07.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  8. (de)Reaktion von Luc Frieden: Staat rettet Caritas nicht. Reporter.lu (24.07.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  9. (de)Gestohlene Gelder: Caritas setzt Krisenkomitee ein. Reporter.lu (29.07.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  10. (de)Luc Caregari, Sozialer Sektor: Die Folgen der Caritas-Affäre. Reporter.lu (05.08.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  11. (fr)Communiqué du parquet de Luxembourg dans l’affaire dite « Caritas ». justice.public.lu (06.08.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  12. (de)Caritas-Affäre: Justiz geht von „Präsidentenbetrug“ aus. Reporter.lu (06.08.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  13. (fr)Véronique Poujol, Caritas: Anatomie d’une affaire stupéfiante. Reporter.lu (19.08.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  14. (fr)Véronique Poujol, Caritas: La folle journée du service financier. Reporter.lu (02.09.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  15. (de)Reporter.lu, Caritas: Neue Organisation mit neuer Führung geplant (04.09.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  16. (de)Caritas: Neue Organisation mit neuer Führung geplant. Reporter.lu (04.09.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  17. (fr)Communication du 14 septembre | Caritas Luxembourg. www.caritas.lu (14.09.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  18. (de)Luc Caregari, Caritas-Affäre: Luxemburger Justiz fordert Hilfe in Spanien an. Reporter.lu (17.09.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  19. (de)Véronique Poujol, Exclusif: BGL et Spuerkeess visés par la justice. Reporter.lu (25.09.2024). Gekuckt de(n) 17.10.2024.
  20. kuckt: Um Spaweck
  21. (de)Finanzskandal: Caritas-Akteure melden sich zu Wort. Reporter.lu (27.09.2024). Gekuckt de(n) 18.10.2024.
  22. (lb)Maurice Molitor, Chris Zeien, Den OGBL geet wéinst dem Transfert vun den Aktivitéite bei HUT viru Geriicht. 100komma7.lu (01.10.2024). Gekuckt de(n) 19.10.2024.
  23. (lb)Jean-Claude Franck, Chris Zeien, Caritas: Wisou deen Drock op de leschte Stëppel?. 100komma7.lu (01.10.2024). Gekuckt de(n) 19.10.2024.
  24. (de)Nur zwei Caritas-Mitarbeiter wollen nicht zu HUT. Luxemburger Wort (19.10.2024). Gekuckt de(n) 19.10.2024.
  25. (lb)Eric Ewald, HUT: 324 vun 349 fréiere Caritas-Employéen hunn nei Kontrakter bei HUT ënnerschriwwen. 100komma7.lu (02.10.2024). Gekuckt de(n) 19.10.2024.
  26. (de)Luc Caregari, Laurent Schmit, Caritas-Affäre: Chronik eines chaotischen Übergangs. Reporter.lu (107.10.2024). Gekuckt de(n) 18.10.2024.
  27. (fr)Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec l’affaire de détournement de fonds au détriment de la Fondation CARITAS. justice.public.lu (09.10.2024). Gekuckt de(n) 18.10.2024.
  28. 28,0 28,1 (fr)Véronique Poujol, Affaire Caritas: La directrice, sa voyante et la piste bulgare. Reporter.lu (17.10.2024). Gekuckt de(n) 19.10.2024.
  29. (de)Caritas-Affäre: Parlament setzt Spezialkommission ein. Reporter.lu (10.10.2024). Gekuckt de(n) 18.10.2024.
  30. (de)Laurent Schmit, Fondation Ginter: Ein weiteres Opfer der Caritas-Affäre. Reporter.lu (15.10.2024). Gekuckt de(n) 18.10.2024.