Op den Inhalt sprangen

Hëllef um Terrain

Vu Wikipedia
Hëllef um Terrain
Typ Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 17. September 2024
Sëtz Bartreng
President Christian Billon
Mataarbechter 324
  (Oktober 2024)
RCS F14655

Hëllef um Terrain, gekierzt HUT, ass eng lëtzebuergesch Asbl, déi de 17. September 2024 an der Folleg vun der sougenannter Caritas-Affär an als Nofollgerin fir en Deel vun den Aktivitéite vun der Fondatioun Caritas gegrënnt gouf[1].

Hiert Haaptzil ass d'Preventioun vun an de Kampf géint all Form vu mënschlechem Leed, absënns d'Onsécherheet, d'Aarmut an d'Diskriminéierung zu Lëtzebuerg. Si wëll d'Chancëgläichheet an d'sozial Inclusioun fërderen a virun all Form vu Gewalt schützen.

D'Grënnungsmembere vun HUT si follgend Persounen:

Den Ament an deem HUT mat hirer Aarbecht ugefaangen huet, war d'Prozedur nach am Gaang fir en Direkter ze rekrutéieren an d'Responsabilitéit läit an enger Iwwergankszäit bei de Responsabele vun den Departementer[5].

Den Interimspresident vum Verwaltungsrot ass de Christian Billon[5].

HUT huet bei hirer Grënnung 324 vun de fréieren 349 Caritas-Salariéen déi um nationale Plang schaffen, iwwerholl[6]. Net iwwerholl goufen déi ronn 30 Leit déi bei der Caritas an den internationalen Aktivitéite geschafft hunn, well HUT keng international Projete realiséiert[7].

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr F14655
  2. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr G13
  3. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr G221
  4. (de)Reporter.lu, Neue Organisation: „Hëllef um Terrain“ soll Caritas ersetzen. Reporter.lu (13.09.2024). Gekuckt de(n) 01.10.2024.
  5. 5,0 5,1 (lb)Hëllef um Terrain huet d'Aarbecht opgeholl: 324 Leit hunn nei Kontrakter ënnerschriwwen, zwou Persounen hu refuséiert. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 02.10.2024.
  6. (lb)Hëllef um Terrain huet d'Aarbecht opgeholl: 324 Leit hunn nei Kontrakter ënnerschriwwen, zwou Persounen hu refuséiert. www.rtl.lu (02.10.2024). Gekuckt de(n) 03.10.2024.
  7. (lb)Invité vun der Redaktioun (3. Oktober) - Michael Feit: "Eis Zukunft ass onkloer". www.rtl.lu (03.10.2024). Gekuckt de(n) 03.10.2024.