Op den Inhalt sprangen

Cathy Krier

Vu Wikipedia
Cathy Krier
Gebuer 17. Januar 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg
Aktivitéit Pianist

D'Cathy Krier, gebuer de 17. Januar 1985 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Pianistin.

Si huet scho mat 5 Joer um Stater Conservatoire ugefaangen, Piano ze léieren. 1999 huet si um Kölner Conservatoire beim Pavel Gililov Coursen a Virtuositéit geholl.[1]

2000 huet si mam Lettesche Kammerorchester ënner der Direktioun vum Carlo Jans dem Beethoven säi 4. Pianosconcert a Sol majeur opgeholl. 2005 huet si bei der Aweiung vun der Philharmonie Lëtzebuerg e Concert fir véier Hänn mam Cyprien Katsaris ginn. 2006 ass si um Ruhrfestival fir Piano opgetrueden, an och bei der Ouverture vu Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptsstad 2007.

Zanterhier ass si an enger Abberzuel vu Concertssäll opgetrueden, dorënner de Bozar zu Bréissel, de Barbican Centre zu London, d'Philharmonie de Paris, de Sage Gateshead, d'Laeiszhalle zu Hamburg, d'Konzerthaus zu Dortmund, de Palau de la Música Catalana zu Barcelona, d'Fundação Calouste‑Gulbenkian zu Lissabon, de Konschtpalais zu Budapest, d'Konserthuset Stockholm, d'Concertgebouw zu Amsterdam, d'Kölner Philharmonie, d'Casa da música de Porto, de Wiener Musikverein, d'Town Hall Birmingham, d'Festspielhaus vu Baden-Baden an um Festival Mecklemburg-Vorpommern.

  • Piano Recital. Scarlatti, Haydn, Chopin, Müllenbach, Dutilleux. 2008
  • Leoš Janáček - The Piano. 2013
  • Rameau & Ligeti. 2014
  • Masques, Debussy & Szymanowsk. CAvi, 2017

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: "Europe@Home – Luxembourg, avec Cathy Krier," arte.tv, gekuckt: 2021-04-11.