Caunes-Minervois
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Occitanie | ||||
Departement | Aude | ||||
Arrondissement | Carcassonne | ||||
Kanton | Haut-Minervois | ||||
Postcode | 11160 | ||||
Gemengecode | 11081 | ||||
Koordinaten | 43° 19’ 39’’ N 02° 31’ 44’’ O | ||||
Fläch | 2 720 ha | ||||
Bevëlkerung | 1 660 (2011) |
Caunes-Minervois ass eng Stiedchen a Südfrankräich am Departement Aude, an der Regioun Occitanie. Caunes-Minervois läit um Fouss vum Biergmassiv Montagne Noire; duerch d'Uertschaft fléisst den Argent-Double, en Zoufloss vun der Aude.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Caunes-Minervois ass ronderëm eng Benediktiner-Abtei entstanen déi géint 780 vum Paschtouer Anian gegrënnt gouf. Déi ursprénglech Karolengerkierch, déi zerstéiert gouf, ass lues a lues – tëscht dem 11. a 14. Joerhonnert – mat de Gebaier ersat ginn, déi haut nach bestinn.
Industrie
[änneren | Quelltext änneren]Caunes-Minervois gouf duerch seng Steebréch wou hellroude Marmer (marbre rouge incarnat) ofgebaut gouf, bekannt. Och wann d'Exploitatioun vum Marmer schonn an der Antiquitéit ugefaangen hat, sou koum et awer eréischt am 17. Joerhonnert zu enger méi wichteger Entwécklung. Sou goufen d'Saile vum Trianon am Schlass vu Versailles, vun der Opéra de Paris oder vum Arc de Triomphe aus Marmer vun der „Carrière du Roy“ gehaen.
De Marmer huet sech viru 400 Millioune Joer lues a lues am Häerz vun der „Montagne Noire“ entwéckelt. Déi hellrout Faarf vum Marmer kënnt dohir, well Eisenoxid am Kallek ass.
Zwéi Steebréch ginn haut nach exploitéiert: dee vu Villerambert an dee vun Terralbes. Déi zwéin, awer och d'„Carrière du Roy“ kann ee kucke goen.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Abtei „Abbaye Saint-Pierre et Saint-Paul“
[änneren | Quelltext änneren]- An der Krypta, Reschter vun der ursrprénglecher Abtei;
- Kierch mat sengem Schëff a Verwëllef aus dem 18. Joerhonnert;
- Marmerdekoratioun am Altorraum an an der Apsis.
-
Vue op d'Abteikierch
-
Vue vu baussen op de Chouer
-
Vue aus dem Klouschtergaart
-
Kräizgank
-
1200 Joer Abtei Caunes-Minervois
Kapell „Notre Dame du Cros“
[änneren | Quelltext änneren]No enger Seeche gouf e Kand wéi duerch e Wonner gesond, nodeems et Waasser aus enger Quell gedronk hat. Iwwer der Quell goufen als Undenken 3 Hellegestatuen opgeriicht a méi spéit (am 12. Joerhonnert) ass op der Gedenkplaz eng Kierch gebaut ginn. Déi gouf am 15. an duerno am 18. Joerhonnert renovéiert a mat Marmer dekoréiert.
D'Kierch läit ongeféier 1,5 km baussent der Uertschaft selwer.
Uertschaft
[änneren | Quelltext änneren]- Iwwerreschter vun de Festungsmaueren déi Caunes ëmginn hunn;
- Mëttelalterlech Gaasse mat verschiddenen „Hôtels particuliers“ (hôtel de Sicard, hôtel d'Alibert, Hôtel de Tapié) mat Eckfënsteren;
- Réimerbréck;
-
Eckfënster um Hôtel de Sicard
-
Hôtel d'Alibert
-
Hôtel de Tapié
-
Den Argent-Double ënner der Réimerbréck
Skulpturen aus roudem Marmer
[änneren | Quelltext änneren]- Eng Serie vun ongeféier 20 Skulpturen aus dem Marmer vu Caunes-Minervois sinn am Duerf verdeelt
-
Allégorie à la vigne
-
Bacchuse
-
Le Baiser
-
Peregrinus
-
El Toro
-
Jaguar
-
Une sacrée tête
-
Nexus
-
Nounours 1
-
Cheval hennissant
-
L'Oreille aux secrets
-
Le coeur du monde
-
Le lion
-
Pétale 17
-
L'Envol
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Aude
- Arrondissementer am Departement Aude
- Kantonen am Departement Aude
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Aude
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Caunes-Minervois – Biller, Videoen oder Audiodateien |