Op den Inhalt sprangen

Chambre d'agriculture

Vu Wikipedia
Versioun vum 11:24, 14. Feb. 2021 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (top: ..., replaced: d’ → d' using AWB).
Chambre d'agriculture
(Landwirtschaftskummer)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 04.04.1924
Sëtz 261, route d'Arlon
L-8011 Stroossen
Generaldirekter Guy Feyder (President)
Branche Beruffschamber
Homepage www.lwk.lu

D'Chambre d'agriculture oder d'Landwirtschaftskummer (LWK) zu Lëtzebuerg ass d'Beruffschamber vun de Baueren, Wënzer a Gäertner. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.

Geschicht

Duerch d'Gesetz vum 4. Abrëll 1924[1] gouf eng legal Basis fir d'Landwirtschaftskummer a véier aner Beruffschambere geschaaft.

Well d'Landwirtschaftskummer awer engersäits am ëffentleche Liewen net déi Bedeitung krut, wéi de Legislateur dat mat der Grënnung bezweckt hat an och well et anersäits zanter der Liberatioun keng offiziell gewielt Vertriedung fir d'Landwirtschaft méi gouf, ass op Basis vum groussherzoglechen Arrêté vum 10. Oktober 1945[2] e Gremium bannent der Bauerenzentral geschaaft ginn, fir d'Attributiounen an d'Funktioune vun der Landwirtschaftskummer z'iwwerhuelen. Dëse Gremium war ënnert dem Numm Conseil national de l'agriculture[3] bekannt, och wann den Numm net am Arrêté festgehale gouf.

Et huet iwwer véierzeg Joer gedauert bis dat modifizéiert Gesetz vum 4. Abrëll 1924 ëmgeännert an erweidert gouf an du mam Gesetz vum 7. September 1987[4] de Fonctionnement an de Walmodus vun der Landwirtschaftskummer festgeluecht gouf. De 14. Juli 1988 war d'Landwirtschaftskummer du fest installéiert[5].

Organisatioun

De Verwaltungsrot vun der LWK besteet aus 19 Memberen. Dovu si 15 Baueren, dräi Wënzer an ee Gäertner. Fënnef vun de Memberen bilden de Comité.

Landwirtschaftskummer
Period President
... Lamoral de Villers
...
1945 - 1971 Jules Meyers
1971 - 1984 René Wester
1984 - 1988 Norbert Funck
1988 - 2018 Marco Gaasch
2018- Guy Feyder

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  2. Arrêté grand-ducal du 10 octobre 1945 portant modification de la loi du 4 avril 1924, concernant la création de chambres professionnelles. legilux.public.lu (10.10.1945). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  3. C.N.A. war Joerzéngte laang als offiziell Ofkierzung vum « Conseil national de l'agriculture » bekannt, haut ass de selwechte Kierzel fir de Centre national de l'audiovisuel geleefeg.
  4. Loi du 7 septembre 1987 modifiant et complétant la loi modifié du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (07.09.1987). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  5. Règlement grand-ducal du 29 juin 1988 portant installation de la Chambre d'Agriculture. legilux.public.lu (29.06.1988). Gekuckt de(n) 12.09.2020.