Charles Piazzi Smyth

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Charles Piazzi Smyth
Piazzismyth.jpg
Gebuer 3. Januar 1819
Neapel
Gestuerwen 21. Februar 1900
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich (1801-1927)
Educatioun Universitéit vun Edinburgh
Aktivitéit Astronom, Anthropolog, Moler, Fotograf
Member vun Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie
Famill
Papp William Henry Smyth
Geschwëster Georgiana Rosetta Smyth, Henrietta Grace Smyth, Warington Wilkinson Smyth
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Charles Piazzi Smyth, gebuer den 3. Januar 1819 zu Neapel an Italien a gestuerwen den 21. Februar 1900 zu Ripon an England war e schotteschen Astronom an Esoteriker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Smyth war de Jong vum Astronom William Henry Smyth; säin zweete Virnumm hat hie vu sengem Dafpätter, dem Astronom Giuseppe Piazzi. Nom Plënnere vun der Famill vu Süditalien op Bedford krut hie vu sengem Papp éischt Instruktiounen an der Astronomie. Mat 16 Joer goung hie a Südafrika, wou hien um Kap vun der gudder Hoffnung als Assistent beim Astronom Sir Thomas Maclear geschafft huet. 1845 gouf hien Astronomer Royal for Scotland a Professer fir Astronomie op der Universitéit Edinburgh. Am Joer 1865 reest de Smyth an Egypten, wou hien d'Cheops-Pyramid bei Gizeh ausgemooss a Fotoe an der Pyramid gemaach huet. 1888huet hie seng Beschäftegungen opginn a sech bis zu sengem Doud am Joer 1900 zréckgezunn.

De Smyth gëllt als brillant, awer exzentresch. Seng Ënnersich iwwer d'Zweckméissegkeet vun héije Bierger op Teneriffa als Standplaz fir en astronomeschen Observatoire am Joer 1856 gëllen als Pionéieraarbecht. Hien huet och Pionéieraarbecht beim Asaz vun der Fotografie geleescht: schonn 1839 (wéi de Daguerre seng Method just bekanntgemaach hat), huet de Smyth mat der neier Technik ugefaange mat experimentéieren. Seng Fotoe mat südafrikanesche Motiver no 1843 gëllen als déi fréist aus där Géigend. Bedeitend ass och seng Aarbecht fir d'Léisung vum Meridian-Problem vum La Caille. D'Spektre vu Polarliichter, dem Zodiakalliicht an am infraroude Welleberäich goufe säi Spezialgebitt. 1877/78 hat hien eng prezis Duerstellung vum Sonnespektrum opgestallt, woufir hien 1880 de Macdougall-Brisbane-Präis krut.

Hie gouf awer och wéinst sengem Engagement fir Pyramidologie bekannt. Mat senge Vermiessungsaarbechten un der Cheops-Pyramid (déi sech spéider als net so zuverléisseg erausgestallt hunn) huet hien d'Thes verfollegt, datt an den Ofmiessunge vun dësem Bauwierk, Prophezeiungen an aner mystesch Informatioune verbuerge sinn.

De Moundkrater Piazzy Smyth gouf him zu Éieren no sengem Numm genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Three Cities in Russia. – London : Lovell, Reeve & Co., 1862
  • Our Inheritance in the Great Pyramid. – London : A. Strahan, 1864
  • Life and Work at the Great Pyramid. 3 Bände. – Edinburgh : Edmonston and Douglas, 1867
  • On the Antiquity of Intellectual Man : from a Practical and Astronomical point of View. – Edinburgh : Edmonston and Douglas, 1868

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hermann Brück, Mary Brück: The peripatetic astronomer: The life of Charles Piazzi Smyth, Adam Hilger 1988

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]