Op den Inhalt sprangen

Zodiakalliicht

Vu Wikipedia
Zodiakalliicht um Osthimmel am Stärebild Cancer virun der Mueresdämmerung. Ze gesi sinn ë. a. och Venus an de Stärekoup M44

D'Zodiakalliicht, griichesch zódionDéierekreeszeechen“) ass eng ganz schwaach permanent Liichterscheinvement um Himmel, déi zu den astronomeschen Evenementer gehéiert. Die Leuchterscheinung ist auf die Umgebung der Ekliptik, den Zodiak, begrenzt. D'Zodiakalliicht entsteet duerch Reflexioun a Streeung vum Sonneliicht un de Bestanddeeler vun der Gas- a Stëbswollek, déi d'Sonn als dënn Scheif um Planéiteplang ëmgëtt.

D'Zodiakalliicht ëmspaant de ganzen Himmel laanscht d'Ekliptik. No bei der Sonn bis zu enger Distanz vun e puer Grad schwätzt ee vun der F-Korona. Hir schléisst sech d'Zodiakalliicht un. Et geet iwwer an d'Liichtbréck, déi – genee géigeniwwer zum Sonnestand – zum Géigeschäin féiert.

Géigeschäin am Wénkelofstand vun 180° zu der Sonn.

An absolut kloren Nuechte kann een um flaache Land respektiv um Mier iwwer dem Horizont kuerz no der astronomescher Dämmerung am Westen, respektiv kuerz virdrun am Osten, eng schwaach Liichtsträif erkennen.

Am Prinzip kann een d'Zodiakalliicht d'ganzt Joer iwwer observéieren, wann ee wäit genuch vu kënschtleche Liichtquellen an der Liichtverschmotzung ewech ass. An temperéierte Breete geet dat am beschten am Fréijoer no der Owesdämmerung, an am Hierscht virum Ufank vun der Mueresdämmerung.

Intensitéitsverdeelung vum Zodiakalliicht, Liichtbréck a Géigeschäin (F-Korona bei 0.5-2° ass net méi am Bild).
Intensitéit vum Géigeschäin.

D'F-Korona, Zodiakalliicht, Liichtbréck an de Géigeschäin entstinn duerch Reflexioun a Streeung vum Sonneliicht un Stëbsdeelercher, déi d'Sonn als dënn Scheif um Planéiteplang ëmginn. Dëse sougenannte interplanetare Stëbs entsteet stänneg nei duerch Zesummestéiss vu klenge Gestengsdeeler wéi Meteoroiden an Asteroiden.

D'Dicht vun de Stëbspartikel vun 0,001 bis 0,1 mm Gréisst läit bei 10−14 Deelche pro cm³. Duerch de Poynting-Robertson-Effet kënnt et zu enger Gréisstenselektioun vun den Deelercher mam Effet, datt Deelercher déi gréisser wéi 0,001 mm sinn, duerch d'Sonnenastralung ofgebremst ginn, spiralfërmeg zu der Sonn dreiwen an zum Schluss verdämpen. Méi kleng Deelercher ënnerleien dem Poynting-Robertson-Effet nëmmen deelweis a ginn duerch den hei iwwergrousse Stralungsdrock vun der Sonn aus dem Sonnesystem gedriwwen.

D'Zodiakalliicht ass da besonnesch gutt z'erkenne wann d'Sonn an engem méiglechst géie Wénkel op- respektiv ënnergeet, wat z. B. bei eis am Fréijoers- an Hierschtufank de Fall ass. An där Zäit ass d'Dämmerung verkierzt an de Liichtschäin hieft sech besonnesch héich iwwer den Horizont. An den equatoriale Breeten ass déi Bedingung dat ganzt Joer erfëllt.

D'Hellegkeet vum Zodiakalliichts hänkt mat der Wénkelofhängegkeet vun der Liichtstreeung zesummen. Mat de Parameter Deelchengréisst an -dicht, Briechnungsindex a Reflexiounsverméigen léisst sech d'Hellegkeetsverdeelung gutt mat enger Mie-Streeung a klassescher Streeung zeréckginn. D'Virwäertsstreeung ass ganz grouss, ze gesinn un der ausgepräegter F-Korona an dem relativ hellen Zodiakalliicht an der Géigend vun der Sonn. Am Ofstand vun zirka 90 Grad zu der Sonn ass d'Streeung kleng, entspriechend enger ganz schwaach liichtenden Liichtbréck. D'Réckwäertsstreeung ëm 180 Grad klëmmz eppes un, woufir de Géigeschäi sech als Liichtfleck ofhieft. D'Hellegkeet vun der Liichtbréck an dem Géigeliicht mat Ënnergrondkorrektur läit bei 100 bis 150 S10, also an der gläicher Gréisstenuerdnung wéi den absolut kloren Nuetshimmel.

  • Stanley F. Dermott et al.: A circumsolar ring of asteroidal dust in resonant lock with the Earth Nature 369, 719 (1994)
  • Christoph Leinert, B. Moster: Evidence for dust accumulation just outside the orbit of Venus. Astronomy und Astrophysics 472, 335 (2007)
  • Brian May: A Survey of Radial Velocities in the Zodiacal Dust Cloud (Ph.D thesis, Imperial College of London, 2007)
Commons: Zodiakalliicht – Biller, Videoen oder Audiodateien