Christopher Froome

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Chris Froome)
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Christopher Froome
Gebuertsnumm Christopher Clive Froome
Gebuer 20. Mee 1985
Nairobi
Nationalitéit Kenia, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Vëlossportler
Positioun oder
Spezialitéit
Grimpeur
Gréisst 186 Zentimeter
Gewiicht 69 kg
Veräin/Ekipp Sky,
Barloworld,
Cycling Academy

De Christopher ("Chris") Froome, gebuer den 20. Mee 1985 zu Nairobi, ass e brittesch-kenianesche Vëlossportler.

De Froome ass zënter 2007 professionelle Vëlossportler, an huet bei der Ekipp Konica Minolta ugefaangen. Ufanks ass hie fir Kenia gefuer, zënter 2008 huet hien eng brittesch Lizenz. Zënter der Saison 2011 wunnt hien zu Monaco. Hie fiert fir d'Ekipp Sky.

Zu senge gréisste Succèsen ziele véier Victoiren am Generalklassement vum Tour de France, 2013, 2015, 2016 an 2017 (Stand: Juli 2017).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christopher Froome – Biller, Videoen oder Audiodateien