Christopher Hansteen

Vu Wikipedia
Christopher Hansteen
Gebuer 26. September 1784
Christiania
Gestuerwen 11. Abrëll 1873
Christiania
Nationalitéit Norwegen
Educatioun Universitéit vu Kopenhagen,
Kathedralschoul vun Oslo
Aktivitéit Physiker, Astronom, Universitéitsprofesser, Geophysiker
Member vun Royal Society, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Kungliga Vetenskaps- och Vitterhets-Samhället i Göteborg, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

De Christopher Hansteen, gebuer de 26. September 1784 zu Christiania (haut Oslo) a gestuerwen den 11. Abrëll 1873 och do, war en norwegeschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Hansteen huet zu Kopenhagen Recht a Mathematik studéiert a gouf Schoulmeeschter zu Frederiksborg op Séiland a krut wéinst enger Schrëft iwwer den Äerdmagnéitismus 1814 e Ruff als Professer op d'Universitéit Christiania. Seng Ënnersich iwwer de Magnéitismus vun der Äerd (Christiania 1819, mat Atlas) hu mat sech bruecht, datt op bal allen Entdeckungsreesen duerno Observatiounen no senger Method gemaach goufen. Den Hansteen selwer ass dofir vill gereest, speziell och 1828-1830 a Begleedung vum Erman vu Berlin an dem Läitnant Due vun der norwegescher Marinn a Sibirien bis op Irkutsk a Kjachta. D'Resultater vun där Rees stinn an de Reiseerinnerungen aus Sibirien (däitsch vum Sebald, Leipzig 1854) an am Haaptwierk: Resultate magnetischer, astronomischer und meteorologischer Beobachtungen auf einer Reise nach Sibirien (Christiania 1863). Ënner der Leedung vum Hansteen goufen d'Observatoiren zu Christiania an de magnéiteschen Observatoire am Park vum Observatoire ugeluecht. Den Hansteen huet net nëmmen op der Universitéit, mä och an der Artillerie- an Ingenieursschoul Virliesungen iwwer aplizéiert Mathematik gehalen an huet zanter 1837 déi trigonometresch Vermiessung vun Norwege virugedriwwen. D'Russesch-skandinavesch Breetegradmiessunge goufen och ënner senger Leedung vun 1845 bis 1860 gemaach. 1873 ass hie gestuerwen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Vu sengen iwwerege Schrëfte sinn ze nennen: Vorlesungen über die Astronomie, e Lehrbuch der Geometrie (Christiania 1835), Reiseerinnerungen aus Sibirien (däitsch, Leipzig 1854; franséisch, Paris 1857), Lehrbuch der Mechanik (Christiania 1836-1838) an den Norwegischer Almanach. Vun 1822 un huet hien zesumme mam Lundh a Maschmann d'Magazin for Naturvidenskaberne redigéiert.

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

Dem Hansteen zu Éiere gouf e Krater an e Bierg Mons Hansteen um Äerdmound genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie