Chronologie vun der Inquisitioun

Vu Wikipedia

Dës Tabell soll eng, wann och net komplett, dann awer sou gutt wéi méiglech Iwwersiicht iwwer d'Meilesteng vun der Inquisitioun bidden.

1179 Am Drëtte Laterankonzil zu Roum hunn déi héchst Dignitaire vun der Réimesch kathoulescher Kierch déi Gleeweg dozou op geruff, d'Ketzer ze bekämpfen an huet hinnen dofir en Ablass versprach. D'Cheffe vun der Kierch hunn doriwwer eraus och nach decidéiert, datt de Besëtz vun deenen déi der Ketzerei schëlleg befonnt goufen, sollt besschlagnahmt ginn.
1184 De Poopst Lucius III. huet de Bëscheef Uweisunge ginn, datt si oder Leit an hirem Optrag a verdächtege Paren an hirer Diözees sollen no Ketzer sichen. Heretiker déi hirem Glawen net ofschwieren, sollen de weltlechen Autoritéiten iwwerstallt gi fir bestrooft ze ginn. D'Kierch war deemno op d'Mataarbecht vun de sekulären Autoritéiten ugewisen. Déi hunn déi allerdéngs well se d'Bescheef an de Poopst respektéiert hunn, meeschtens net refuséiert.
1199 E peepstlechen Dekreet bezeechent d'Ketzerei als Verbrieche géint déi gëttlech Majestéit. Domat spillt de Poopst drop un datt bei sou Verbriechen d'Doudesstrof applizéiert gouf, wat senger Meenung no och sollt fir Ketzer gëllen.
1206 An Umbrien, verzicht de Franziskus, e Bouf vun engem räichen Duchhändler op all Besëtz a gëtt Wanderpriedeger. Hien huet séier vill Unhänger an de Poopst Innozenz III. kennt d'Franziskaner als Uerden un, grad sou wéi 1215 d'Dominikaner. Domat gouf hien engem Deel vun den onzefriddenen a reforméierte Chrëschten d'Geleeënheet fir hir Virstellung vun engem Galwen déi sech méi no um Evangelium orientéiert huet, ëmzesetzen a sech sou kloer vun de Ketzer déi weider verfollegt goufen, ofzegrenzen.
1209 Eng Arméi vun 20.000 Kräizfuerer iwwerfält Béziers a metzelt de gréissten Deel vun den Awunner nidder. D'Kämpfer waren op Uerder vum Poopst an de Languedoc, d'Héichbuerg vun der Katharer gezunn, a Béziers war den Optakt vun engem Kräizzuch deen zwanzeg Joer gedauert huet. Réischt 1229 hunn d'Katharer sech als militäresch geschloe gesinn. Awer op ville Plaze gouf et nach Katharergruppe wéi an der Buerg Peyrepertuse a bis 1244 zu Montségur.
1215 Am Véierte Laterankonzil ginn Direktive fir d'Ketzerverfollegungen ausgeschafft. D'Beweiser déi virdrun ugeholl gi waren, wéi z. B. Gottesuerteler oder Eeder goufen ofgeschaf an et soll sech nëmmen op Tatsaache verlooss ginn, déi e Riichter feststellen an ënnersiche kann. Ganz wichteg dobäi ass d'Geständnes vum Ugekloten, ouni dat et keng Verurteelung ka ginn. Déi Nosich (inquisitio) huet vun do un d'Aarbecht vun de Ketzerverfollger markéiert, a gouf dunn och bei de weltleche Geriichter applizéiert.
1229 Um Konzil vun Toulouse gëtt eng sytematesch Bekämpfung vum Rescht vun den Heretiker beschloss. Ënner der Opsiicht vun de Bëscheef solle Suchgruppen déi aus engem Paschtouer an 3 Laie bestinn, an de Gemengen no Ketzer sichen a se dann de kierchlechen Autoritéite mellen. Am Géigesaz zu de méi spéiden Inquisiteuren hunn déi Gruppe keng geriichtlech Muecht.
1231
1233 Onbekannter hunn zu Marburg den Inquisateur Konrad ëmbruecht. De Gregor IX. hat hien 1231 zum Inquisiteur an den däitsche Länner agesat. An annerhallwem Joer hat hie vill Doudesuerteler géint Leit déi Heretiker sollte sinn, duerchgesat kritt a sech sou en Numm als iwwerméisseg haarde Ketzerrichter gemaach. No sengem Doud war et der Inquisitioun an Däitschland sou gutt wéi eriwwer, dat ëm sou méi well de Konflikt tëscht dem Friedrich II. an dem Poopst, d'Aarbecht vun de peepstleche Legate ganz schwéier gemaach huet. Frankräich an Italie fänken un, sech als Kärgebidder vun de Glawengeriichter z'entwéckelen.
Zu Toulouse ass déi éischt formell Geriichtsenquête vun der Inquisitioun op franséischem Buedem. Zwéin dominikanesch Ketzerjeeër verurteelen den Duchhändler Johannes Textor als Katharer, zum Doud duerch Verbrennen. Massiv Protester vun der Bevëlkerung konnten dat am Uank verhënneren. Hie gouf awer spéider ënner Opsiicht vum Bëschof higeriicht. De grousse Widderstand géint Ketzerverfollger a Südfrankräich, hat et och mat sech bruecht datt de Poopst d'Inquisitioun do zäitweileg gestoppt huet.
1239
1244 Montségur gëtt eruewert.
1252 Den Enquêteur Péitrus vu Verona gëtt vun enger norditalieenescher Katharerband ëm den Eck bruecht. E gouf relativ séier helleggesprach a säin Doud war fir de Poopst Innozenz IV. eng Ursaach fir d'Ketzerjuegd an Italie méi intensiv ze bedreiwen.
Hien erlaabt de Gebrauch vun der Folter fir Geständnesser ze kréien. Schwéier Mutilatiounen oder den Doud vum Ugeklote soll awer vermidde ginn. Geeschtlech, déi bei der Tortur derbäi sinn, kënne sech géigesäiteg d'Absolutioun ginn.
1307 Zu Paräis an op en ettlech anere Plazen a Frankräich huelen dem Philipp IV. seng Häscher Membere vum Templeruerde fest. De Kinnek werft den Tempelritter, déi aus dem hellege Land verdriwwe goufen, Heresie vir. ET geet awer éischter drëms, fir sech den Templer hiert Verméigen ënner den Nol ze rappen.
1323 Den Dominikaner Bernard Gui ee vun de gréissten, wann net dee gréisste Ketzerverfollger, schreift e Precis iwwer d'Instruktioun vu beschëllegte Ketzer a Katharer. Et ass dat greisst mëttelalterlecht Wierk iwwer d'Aarbecht vun den Enquêteueren. Am Buch si Formulairen a Standardtexter a konkreet Uweisunge wéi ee bei engem Verhéier soll virgoen.
1329]] D'peepstlech Inquisitioun veuertelt e puer Schrëfte vum Dominikanermënch Meeschter Eckhart, deen joer virdru gestuerwe war, al heretesch Wierker. et war besonnesch dem Eckhart seng Theorie vum Séilefong déi de Glawensriichter um Mo louch.
1377 De Poopst Gregor XI. léisst den englesche Geléierten John Wyclif verhéieren. So gëtt behaapt datt 18 vum Wyclif sengen Theesen heretesch wieren. Dem Wyclif seng grouss Renommée an d'Protektioun vum englesch Kinnek loossen déi Vefolgung am Sand velafen. Et war awer éischter d'Kritik un der Kierchenhierarchie an d'Tatsach dat d'Englänner keng Kierchesteier méi un Roum bezuelt hunn déi d'Ursaach vun där Verfollgung waren.
1415 De Jan Hus gëtt zu Kontanz um Scheeterkoup verbrannt.
1431 Zu Rouen fänkt de Prozess géint d'Jeanne d'Arc un.
1542 D'Erausfuerderung vun der kathoulescher Kierch duerch de Protestantismus gouf sou grouss datt de Poopst Paul III. d'Helleg Kongregatioun vun der réimescher an universaler Inquisitioun gegrënnt huet. Déi gouf vun enger Grupp vu sechs Kardineel, déi Sanctum Officium genannt gouf, geféiert. Déi nei Institutioun sollt änlech Aufgabe wéi d'peepstlech Inquisitioun aus dem Mëttelalter iwwerhuelen, där hir Aktivitéiten zanter der éischter Hallschent vum 15. Joerhonnert däitlech zeréckgaange waren. Si huet sech staark un der Spuenescher Inquisitioun orientéiert an d'Ketzerverfollgung sollt zentraliséiert ginn a sech méi op den Territoire vun Italie konzentréieren. Déi nei Inquisitioun huet sech vun deene vu virdrun doduerch ënnerscheet datt se den Ugeklote méi Rechter gouf an am grousse Ganze manner schaarf duerchgegraff huet.