Convention montagnarde

Vu Wikipedia

D'Convention montagnarde war, a Frankräich, vum 2. Juni 1793 bis zum 9. Thermidor Joer II déi zweet Period an der Geschicht vun der Convention nationale, déi vun de Montagnards no der Eliminatioun vun de Girondins dominéiert gouf.

Obschonn eng zimmlech demokratesch Constitutioun (Constitutioun vum Joer I, 1793) proklaméiert gi war, hunn d'Deputéierte vun der Montagne, ënner dem Drock vun den dramateschen Ëmstänn - federalistesch Opstänn, Krich an der Vendée, militäresch Néierlagen, Verschlechterung vun der wirtschaftlecher Situatioun - decidéiert, eng revolutionär Diktatur op d'Been ze stellen, déi vum Comité de salut public a vum Comité de sûreté générale ausgefouert gouf.

D'Terreur gouf verstäerkt, dirigistesch wirtschaftlech Moossname goufe getraff fir d'Kris kleng ze halen (Gesetz vum generelle Maximum, Besteierung vun de Präisser vum Kar). D'Levée en masse, d'Mobilisatioun vun allen Energië fir eng Krichswirtschaft op d'Been ze stellen (Sich no Salpeter fir d'Polfer, d'Mobilisatioun vun de Geléierten, d'Ersetze vun inkompetente Genereel déi duerch jonk Offizéier ersat goufen, déi republikanesch Iddie vertrueden hunn, wéi Hoche, Jourdan, Marceau, mä och Pichegru oder Bonaparte) konnt de Republikaner zu wichtege Victoirë verhëllefen. Allerdéngs ware sech d'Montagnards ënnereneen net ëmmer eens, wat sech lues awer sécher bemierkbar gemaach huet.

Nodeem versicht gi war, e Gläichgewiicht tëscht de Faktiounen z'erreechen, huet de Comité de salut public, dee vum Maximilien de Robespierre dominéiert gouf, a beim Vollek ganz populär war, d'Eliminatioun vun den Hébertisten (ultra-revolutionär) decidéiert, duerno waren d'Indulgents (Moderéierter ënner dem Danton) un der Rei, déi eng Gefor fir de revolutionäre Gouvernement duergestallt hunn. Nodeem de revolutionäre Gouvernement lues awer sécher nees d'Kontroll iwwer d'Land no der Anarchie vum Biergerkrich (1793) kritt hat, gouf versicht, d'Republik duerch eng Klass vu klenge Proprietären ze festegen (Dekreter vum Ventôse...) an eng republikanesch Moral op d'Been ze stellen (zivil Institutiounen, Projete fir d'Educatioun vun der Bevëlkerung).

D'moderéiert Deputéiert vun der Convention, déi der revolutionärer Diktatur an der Terreur en Enn setze wollten, fir op e konstitutionelle Regime an eng liberal Wirtschaftspolitik zeréckzekommen (d'Victoire vu Fleurus huet an hiren An d'Gefor vu Baussen aus dem Wee geraumt an domat och de Sënn vun der Terreur) an de Konflikt tëscht dem Comité de sûreté générale an dem Comité de Salut Public hunn zum Stuerz vum Robespierre a senge Frënn den 9. Thermidor Joer II gefouert.