Delta
Ausgesinn
Den Delta (griichesch, Groussbuschtaf: Δ, Klengbuschtaf: δ) ass de véierte Buschtaf am griicheschen Alphabet.
Urspronk
[änneren | Quelltext änneren]D'Zeeche kënnt vum phenizesche Buschtaf „daleth“.
Delta am Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]An der algriichescher Sprooch representéiert den Delta als δ’ d'Zuel 4 an als,δ 4.000. Wéinst der Form vum Groussbuschtaf Δ gëtt zanter dem Herodot deen Deel vun Ënneregypten, deen tëscht den zwéin Niläerm läit, als Nildelta bezeechent, sou wéi och bei engem Flossdelta allgemeng.
An de Grondlage vun der Mathematik
- de groussen Delta (Δ)
- als Symbol fir d'Differenz, kuckt Subtraktioun
- als Symbol fir den Differenzoperateur – dovu leede sech déi meescht Kenngréissten of
- als Symbol fir d'symmetresch Differenz vun der Mengeléier
- als Symbol fir de Laplace-Operateur
- de klengen Delta (δ) bezeechent:
- d'Variatiounsofleedung oder d'virtuell Verrécklung
- d'Dirac δ-Funktioun, kuckt Delta-Distributioun
- de Kronecker-Delta, kuckt Kronecker-Delta
Een ëmgekéiert groussen Delta ∇ gëtt als Nabla bezeechent. Keen Delta ass d'Symbol (TeX triangle), mat deem een Dräieck bezeechent gëtt.
An ugewandter Mathematik, Wëssenschaften an Technik
- de groussen Delta (Δ)
- als Bezeechner vu véier Baryonen (Δ++, Δ+, Δ0 an Δ-)
- de klengen Delta (δ) bezeechent
- eng partiell Charge (Chimie), kuckt Partiell Charge
- eng Schmierzleedungsfaser (Anatomie), Aδ-Faser
- an der Astronomie d'Deklinatioun (Astronomie), eng Koordinat am equatoriale Koordinatesystem
- an der Raumfaart eng US-amerikanesch Drorakéit Delta.
- an der Fuerwierktechnik z. B. de Steierwénkel och Chasse genannt.
- an der Automatentheorie (theoreetesch Informatik) d'Iwwerganksfunktioun.