Dutch Open Telescope

Vu Wikipedia
Dutch Open Telescope
Den Dutch Open Telescope mat zouender Kuppel
Kategorie Sonnenteleskop
Typ Spigelteleskop
Brennwäit: 2,0 m
Opléisung: 0,071 Bousekonn/Pixel
Standplaz vun der Ariichtung Roque de los Muchachos Observatoire
Héicht 2350 m
Regioun ES-GC
Héicht 2350 m
Wellelängt Optesch
Fachgebidder Astronomie, Astrophysik, Sonn
Apertur 0,45
gebaut 1997
Homepage Dutch Open Telescope (DOT)
Koordinaten 28/45/34.71/N
17/52/52.76/W

Den Dutch Open Telescope kuerz och DOT ass en optesche Sonnenteleskop mat engem 45 Zentimeter Haaptspigel an ass en Deel vum Roque de los Muchachos Observatoire op La Palma an der Noperschaft vum Swedish 1-m Solar Telescope.

En erreecht eng Wénkelopléisung vun 0,2 Bousekonne fir eng bestänneg Zäitspan. Fir eng weider Optiméierung vun de Biller, gëtt beim DOT de sougenannte Despeckle-Mechanismus benotzt. Ee vu sengen Erfolleger war d'Fotograféiere vum Venustransit am Joer 2004, deen op dëser DOT Websäit gekuckt ka ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ier et en Deel vum Europäeschen Nordobservatoire gouf, war et am Besëtz vum Institut fir Astronomie vun der Fakultéit fir Physik an Astronomie vun der Universitéit Utrecht an nach anerer.[1]

Kameraen[änneren | Quelltext änneren]

Den DOT huet sechs Kameraen, jiddwereng mat engem aneren optesche Filter.[2] Dës Filtere kënnen all zur selwechter Zäit parallel benotzt ginn, wat eng simultan Observatioun bei ënnerschiddleche Wellelängten erlaabt an domat d'Resultater optimal vergläichbar ginn. Doriwwer eraus sinn en ettlech Filteren och variabel astellbar, soudatt Observatiounen op verschiddene Punkte vun de Spektrallinne méiglech ginn.

Oppe Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptspigel vum DOT

Den DOT ass en oppenen Teleskop, dat heescht Tuerm, Montéierung an Teleskop sinn op an ongeschützt a wärend der Observatioun kann de Wand duerch d'Teleskop blosen. Doduerch kann eng relativ konstant Temperatur um Spigel erreecht ginn, wat d'Onschäerfte signifikant reduzéiert. Bei konventionellem Teleskopdesign hu Sonnenteleskopen dacks de Problem, datt waarm Loft vum Buedem, deen duerch d'Sonn opgewiermt gouf, am Tuerm a laanscht de Spigel eropklëmmt, wat der Bildqualitéit schiedegt.

E Manktem vun deem Design ass, datt d'Stëtzstruktur extreem steif muss sinn, fir datt si sech net am Wand beweegt. Normalerweis iwwerhëlt dës Funktioun en zolitten Tuerm oder d'Teleskop ass am Tuerm oder enger Kuppel agebaut. D'Optik vum DOT-Teleskop ass zwéi Meter virum Haaptspigel a fir Onschäerft bei de Fotoen ze verhënneren, sinn d'Kamerae ganz steif montéiert a kënnen op de Mikrometer genee prezis justéiert ginn.

Daachkonstruktioun[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider neiaarteg Eegenschaft vum DOT ass seng Daachkonstruktioun, déi aus enger spezieller Polymerfaser hiergestallt gouf. Et hält d'Form, wann et gedeent gëtt a weist och no laanger Zäit keng Ermiddung. All eenzele suedelfërmegen Daachdeel ass ënner Spannung, soubal den Daach zou gemaach gëtt, wat en doduerch méi stabil mécht.

Liichtgranulatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Despeckle Algorithmus erméiglecht et Objete bis un d'Dreiungsgrenze vum Teleskop selwer opzeléisen a sou méi dacks eng optimal Bildqualitéit z'erreechen, wéi et normalerweis duerch de Seeing begrenzt de Fall wier. Wärend dem Virgank ginn 100 Biller mat extreem kuerzer Beliichtungszäit vum selwechten Objet opgeholl (beispillsweis eng Granular Struktur vun der Sonn), ëmmer an engem zäitlechem Ofstand an deem sech d'Atmosphäreneegeschaften däitlech geännert hunn, net awer d'Eegenschafte vum observéierten Objet. Da gëtt duerch eng Statistik an enger ganzer Rei vu Rechnerleeschtunge (e 35 Dualcore Xeon-Computer-Cluster berechent den Despeckle Algorithmus) d'Bild verbessert. Virum Summer vum Joer 2005 huet déi Berechnung nach Méint gedauert, den neie Rechnerverband reduzéiert d'Berechnungsdauer op d'Längt vun enger Nuecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DOT at a glance
  2. DOT Tomography