Däitsch Foussballnationalekipp
Ausgesinn
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Däitschland | |||
Spëtznumm: | Nationalelf DFB-Elf Die Mannschaft | ||
Federatioun: | DFB | ||
Trainer: | Julian Nagelsmann | ||
Meescht Matcher: | Lothar Matthäus (150) | ||
Meescht Goler: | Miroslav Klose (71) | ||
Historesch Matcher | |||
Éischte Match: | Schwäiz - Däitschland: 5-3 5. Abrëll 1908, Basel | ||
Héchst Victoire: | Däitschland - Russescht Keeserräich: 16-0 1. Juli 1912, Stockholm | ||
Héchst Nidderlag: | England - Däitschland: 9-0 16. Mäerz 1909, Oxford | ||
Weltmeeschterschaft | |||
Participatioun: | 18 x (fir d'éischt 1934) | ||
Bescht Resultat: | Weltmeeschter 1954, 1974, 1990, 2014 | ||
Europameeschterschaft | |||
Participatioun: | 12 x (fir d'éischt 1972) | ||
Bescht Resultat: | Europameeschter 1972, 1980, 1996 | ||
|
D'Däitsch Foussballnationalekipp besteet aus däitsche Spëtzespiller, déi vum Bundestrainer erausgesicht ginn.
An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Däitsch Nationalekipp op der 16. Plaz (Stand: 21. Dezember 2023).
Reichstrainer a Bundestrainer
[änneren | Quelltext änneren]Dr. Otto Nerz, Sepp Herberger, Helmut Schön, Jupp Derwall, Erich Ribbeck, Franz Beckenbauer, Berti Vogts, Rudi Völler, Jürgen Klinsmann, Joachim Löw, Hansi Flick, Julian Nagelsmann
Rekordnationalspiller
[änneren | Quelltext änneren]De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- Lothar Matthäus huet als Mëttelfeldspiller vum 14. Juni 1980 bis 20. Juni 2000 150-mol (23 Goler) fir déi däitsch Foussballnationalekipp gespillt an ass domat Rekordnationalspiller. De Matthäus huet als éischte Feldspiller u fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl a gouf 1980 Foussball-Europameeschter, 1982 a 1986 Vizeweltmeeschter a 1990 als Kapitän vun der Nationalekipp Foussball-Weltmeeschter.
- Jürgen Klinsmann, huet tëscht dem 12. Dezember 1987 an dem 4. Juli 1998 108 Matcher fir déi däitsch Foussballnationalekipp absolvéiert.
- Jürgen Kohler gouf tëscht dem 24. September 1986 an dem 4. Juli 1998 am Ganzen 105-mol an d'DFB-Selektioun beruff.
- Franz Beckenbauer, de Weltmeeschter vun 1974 a fréieren Teamchef huet tëscht dem 26. September 1965 an dem 23. Februar 1977 am Ganzen an 103 Lännermatcher fir déi däitsch Faarwe gespillt.
- Joachim Streich, 102 Matcher fir d'DDR tëscht dem 8. Dezember 1969 an dem 20. Oktober 1984.
- Thomas Häßler, 101 Matcher fir den DFB tëscht dem 31. August 1988 an dem 20. Juni 2000.
- Hans-Jürgen Dörner, 100 Matcher fir d'Selektioun vun der DDR tëscht dem 22. Juni 1969 an dem 18. Mee 1985.
- Ulf Kirsten, 100 Matcher fir d'Selektioun vun der DDR (49) an den DFB (51) tëscht dem 8. Mee 1985 und dem 20. Juni 2000.
- Michael Ballack, 89 Matcher
- Oliver Kahn, 86 Matcher
- Miroslav Klose, 86 Matcher
- Bernd Schneider, 81 Matcher
Ausgezeechent Spiller
[änneren | Quelltext änneren]Spiller déi déi meescht Goler geschoss hunn
[änneren | Quelltext änneren]De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- De Gerd Müller ass mat 68 Goler aus 62 Lännermatcher bis haut Rekordbuteur vun der däitscher Foussballnationalekipp. Och an der Foussball-Bundesliga steet hie mat 365 Goler fir den FC Bayern München ongeschloen un der Spëtzt vun der Torjäger-Lëscht. Seng 14 Goler bei de Weltmeeschterschaften 1970 (zéng Goler) an 1974 (véier Goler) maachen hien dobäi nach zum erfollegräichsten WM-Buteur vun der Geschicht.
- De Joachim Streich war fir d'DDR-Foussballnationalekipp 102-mol um Ball an huet 55 Goler geschoss.
- De Rudi Völler, Weltmeeschter vun 1990 an Teamchef vun der Nationalekipp vun 2000 bis 2004, huet an 90 Matcher am Ganze 47 Goler geschoss.
- De Jürgen Klinsmann,huet 108 Lännermatcher gespillt an dobäi och 47 Goler geschoss.
- Den Karl-Heinz Rummenigge huet am Ganze 95 Matcher am DFB-Trikot gespillt an huet 45 Goler geschoss.
- Den Uwe Seeler, Ehrenspielführer vun der däitscher Nationalekipp, huet an 72 Lännermatcher tëscht 1954 an 1970 am Ganzen 43 Goler geschoss.
- Den Oliver Bierhoff, Europameeschter vun 1996, huet a 70 Lännermatcher am Ganze 37-mol de Gol getraff. Dorënner huet hien an der EM-Finall 1996 mat sengem 2:1 - Gewënntreffer den éischte "Golden Gol" bei enger EM geschoss.
- De Miroslav Klose,huet 86 Lännermatcher gespillt an 44 Goler geschoss.
- Den Ulf Kirsten,huet am Ganzen 100 Lännermatcher fir d`Nationalekippe vum DFV(49 Matcher) a vum DFB(51 Matcher) gespillt. Dobäi huet hien am Ganze 34 Goler (DFV:14 / DFB:20) geschoss.
- De Fritz Walter, de Kapitän vun der Weltmeeschterekipp vun 1954, huet 61-mol de Nationaltrikot gedroen an dobäi 33 Goler geschoss.
- De Klaus Fischer huet tëscht 1977 an 1982 am Ganze 45 Lännermatcher gespillt an 32 Goler getraff.
- Den Ernst Lehner huet tëscht 1933 an 1942 am Ganzen 65 Lännermatcher gespillt an 31 Goler geschoss.
- De Michael Ballack huet säit 1999 am Ganze 89 Lännermatcher gespillt a bis elo 39 Goler geschoss.
- Et gëtt véier Foussball-Nationalspiller, déi pro Lännermatch am Duerchschnett méi wéi ee Gol geschoss hun:
- De Gerd Müller huet 68 Goler an 62 Lännermatcher geschoss – kuckt uewen
- Den Helmut Schön – de spéidere Bundestrainer – huet tëscht 1937 an 1941 a 16 Lännermatcher 17 Goler geschoss.
- De Gottfried Fuchs huet tëscht 1911 an 1913 a 6 Lännermatcher 14 Goler geschoss – dovun eleng 10 Goler an engem eenzege Spill, dem 16:0 den 1. Juli 1912 géint Russland.
- De Fritz Becker huet am alleréischte Lännermatch beim 3:5 géint d'Schwäiz de 5. Abrëll 1908 2 Goler, dorënner och an der 6. Minutt den alleréischten däitsche Lännermatch-Gol geschoss. Dee Match war och säin eenzege bliwwen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Bauer, Andreas: Das Wunder von Bern, Verlag Wißner, Abrëll 2004 (ISBN 3-89639-426-6)
- Bender, Tom/ Ulrich, Kühne-Hellmessen: Herrlich verrückte Nationalmannschaft, Makossa Druck und Medien, August 2001, 256 Säiten (ISBN 3-926337-40-0)
- Bitter, Jürgen: Deutschlands Fußball-Nationalspieler, Sportverlag, 1997 (ISBN 3-328-00749-0)
- Die deutschen Nationalspieler, Bd. 1, 1988, 96 Säiten (ISBN 3-89001-101-2)
- Fuhr, Wolfgang: Rahn schießt... Tor, Tor, Tor, Verlag Agon, Abrëll 2004, 104 Säiten (ISBN 3-89784-254-8)
- Mrazek Copress, Karlheinz: Fussball. Die besten deutschen Nationalspieler. 90 Jahre Nationalmannschaft, Copress, 1997, 160 Säiten (ISBN 3-7679-0526-4)
- Schulze-Marmeling, Dietrich: Die Geschichte der Fußball-Nationalmannschaft, Verlag Die Werkstatt, Abrëll 2004 (ISBN 3-89533-443-X)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Germany national football team – Biller, Videoen oder Audiodateien |