Op den Inhalt sprangen

Echidna (Mound)

Vu Wikipedia
Zentaurmound (42355) Typhon I (Echidna)
Typ Mound vum Asteroid (42355) Typhon
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Hallefachs (1628 ± 29)
PerihelAphel 772 – 2484
Exzentrizitéit 0,526 ± 0,015
Inklinatioun (37,9 ± 2,0) Grad (Equatorfläch)
Ëmlafzäit (18,9709 ± 0,0064)
Mëttel Bunnvitess 0.0031 km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser (84 +16/-18) km
Mass
Albedo
Dicht ≈ (0,44 +0,44/-0,17) g/cm3
Rotatiounsperiod
Absolut Hellegkeet
Spektralklass
Entdecker K. S. Noll/H. F. Levison/

W. M. Grundy/D. C. Stephens

Entdeckungsdatum 20. Januar 2006
Eeler Bezeechnung S/2006 (42355) 1

Den Echidna ass e Mound vum SDO-Zentaurasteroid (42355) Typhon. Säin Duerchmiesser ass an der Moyenne 84 Kilometer grouss. Dat ass eppes méi wéi d'Hallschent vum Typhon-Duerchmiesser. Den Echidna ass den éischten entdeckte Mound vun engem Asteroid aus der Grupp vun den Zentauren.

Entdeckung a Benennung

[änneren | Quelltext änneren]

Den Echidna gouf den 20. Januar 2006 vum Keith S. Noll, Harold F. Levison, Will M. Grundy, an Denise C. Stephens mat der High-Resolution-Kamera vum Hubble-Weltraumteleskop entdeckt. E gouf op engem Ofstand vun 0,11 ± 0,01 Bousekonnen zum viru véier Joer virdrun entdeckten Typhon fonnt. En huet eng Hellegkeetsdifferenz vun 1,30 ± 0,06 zum Haaptobjet. De Mound gouf am Kader vun engem Programm fir d'Ermëttlung vun der Heefegkeet vu Méifachsystemer opfonnt. Well de Mound nëmmen no 8 ënnersichten Zentaure fonnt gouf, weist drophin, datt tëscht de Bunne vun de Riseplanéite Méifachsystemer entgéint dem Erwaarde stabil kënne sinn, an et méiglech ass, och Entdeckunge vu Begleeder bei Koméiten ze maachen.

D'Entdeckung gouf de 15. Februar 2006 bekannt gemaach; de Begleeder krut déi virleefeg Bezeechnung S/2006 (42355) 1. Den 23. November 2006 gouf de Mound, zesumme mat de Systemer Logos/Zoe an Ceto/Phorcys, vun der IAU dann offiziell no der Echidna genannt, déi an der Griichescher Mythologie d'Fra vum Typhon an d'Mamm vu ville bekannte Monstere wéi Zerberus, Hydra, d'Chimären oder der Sphinx war. Hallef Nymph, hallef Schlaang hat sech déi onstierflech Echidna an enger Hiel mam Numm Arima opgehalen.

Bunneegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

Den Echidna ëmkreest den Typhon an enger prograder, héichgradeg elliptescher Ëmlafbunn tëscht 772 an 2484 km Ofstand zu deem sengem Zentrum (Grouss Bunhallefachs 1628 km respektiv zirka 12,1 Typhon- resp. 19,4 Echidnaradien). Dat ergëtt e mëttleren Ofstand vu béiden Uewerfläche vu ronn 1520 km, wann ee vun enger ronner Form vu béide Kierper ausgeet. Well béid ëm de kollektive Schwéierpunkt kreesen, ass de System als Duebelasteroide-System opzefaassen. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,526, d'Bunn ass 37,9° géintiwwer dem Equator vum Typhon gebéit.

Den Echidna an den Typhon ëmkreese sech an 18 Deeg, 23 Stonnen an 18,1 Minutten, wat ongeféier 4.539,1 Ëmleef an engem Typhon-Joer (ronn 235,76 Äerdjoer) entsprécht.

Physikalesch Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

Den Echidna huet en Duerchmiesser vu geschate 84 km (ongeféier 62 % vum Zentralkierper). Seng Uewerfläch ass zimmlech donkel. Déi béid gesinn net wéi déi meescht Asteroiden aus. Si schéngen aus Waasseräis amplaz aus Gestengs ze bestoen. Déi aussergewéinlech niddreg Dicht vun 0,44 (+0,44/-0,17)  g/cm3 - déi méi niddreg wéi Waasser ass - gläicht éischter enger Koméitenzesummesetzung. Eng aner Méiglechkeet wier, datt den Typhon an den Echidna am Kär porös sinn an zu de Rubble Pile gehéieren.

Zanter der Entdeckung 2006 konnt den Echidna mam Hubble-Weltraumteleskop wéi och mat äerdgebonnenen Teleskopen observéiert ginn an dobäi konnte seng Bunnelementer bestëmmt ginn.

Portal Astronomie