Eisebunnsstreck Beetebuerg - Uespelt
Appearance
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bedreiwer | Société anonyme pour l'exploitation de chemins de fer régionaux en Belgique, Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois, Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, Chemins de fer à voie étroite, Reichsbahn zu Lëtzebuerg, CFL |
---|---|
vu(n) | Beetebuerg |
op | Uespelt |
opgaangen | 1. September 1899 |
zougemaach | 8. Dezember 1952 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 10,19 km |
Spuerbreet | Meterspuer |
D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Uespelt war eng Schmuelspuerbunn a Vizinalstreck déi vu Beetebuerg iwwer Helleng op Uespelt gefouert huet.
D'Streck déi 10,19 km laang war, gouf mam Gesetz vum 26. Juni 1897[1] gegrënnt an ass den 1. September 1899 opgaangen.
D'Chemins de fer vicinaux (CV) ware Concessionnaire vun der Streck, hunn se awer ni selwer bedriwwen. Se hunn d'Exploitatioun delegéiert:
- vun 1899 bis 1911 un d'Société anonyme pour l'exploitation de chemins de fer régionaux en Belgique,
- vun 1911 bis 1919 un d'Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois (CSL) an duerno,
- vun 1919 bis 1934 un d'Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri (PH).
D'CV ass 1934 opgeléist ginn, wéi d'Kantonal-, d'Sekundär- an d'Vizinalbunnen zesummegeluecht goufen. De Staat huet den 19. Abrëll 1934 d'Exploitatioun vun der Streck mat der staatlecher Gesellschaft Chemins de fer à voie étroite de l'État (CVE) iwwerholl.
Den 8. Dezember 1952 ass de leschten Zuch gefuer.
Kuckt och
[edit | edit source]- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- Schmuelspuerbunnen zu Lëtzebuerg
- De Benni
- De Chareli
- De Jangli
Literatur
[edit | edit source]- Federmeyer, Ed. Schmalspurbahnen in Luxemburg. Luxemburg: G.A.R., 1992. Print. ISBN : 3-921980-46-1
Referenzen an Notten
[edit source]- ↑ (fr)Loi du 26 juin 1897, concernant la construction et l'exploitation d'une ligne de chemin de fer à petite section de Bettembourg à Aspelt. legilux.public.lu (26.06.1897). Gekuckt de(n) 18.03.2023.