Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Spa

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Gare vu Sart op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Spa
Dat eenzegt Stéck Gleis vun der Streck dat nach Rescht bliwwen ass.
Bréck vun der fréierer Linn Lëtzebuerg-Spa zu Spa
Gare vu Spa

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Spa, war eng Linn déi vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft Guillaume Luxembourg bedriwwe gouf.

Zu Lëtzebuerg ass d'Linn iwwer d'Streck Lëtzebuerg-Ëlwen gelaf an an der Belsch huet se vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz op Gouvy gefouert, wat mat enger Héicht vu ronn 500 Meter ee vun hiren héchste Punkten an der Belsch war. Vun do un ass se no Norde gelaf an huet sech méi oder wéineger den Däller vun de Waasserleef ugepasst, am Ufank dee vum Glain an duerno dee vun der Salm fir sou iwwer Vielsalm a Grand-Halleux bis op Trois-Ponts ze kommen. Zu Trois-Ponts huet se no Oste gedréint an ass dann dem Dall vun der Amblève nogelaf, déi Kéier awer biergop bis op Stavelot. Do dréint se rëm no Norden féiert queesch iwwer den Dall vum Ruisseau de Chefosse a passt sech dann dem Westhank vum Dall un, duerch deen d'Eau Rouge leeft fir sech sou lues a lues nees op Héichten ze schaffen. Bei Francorchamps ass et dann den Dall vum Rohan fir dann op de Plateau vun Hockai ze kommen. Do hat se an der Gare vun Hockai hiren héchste Punkt op ronn 535 m erreecht. Se louch do an enger zimlech déiwer an enker Tranchée, sou datt d'Gebai vun der Gare um Hiwwel eng 50 Meter dervu stoung. Déi stoung op 546 Meter a war domat dat Garegebai an der Belsch dat am héchste louch. Duerno goung et mat enger grousser Haremskéier no Westen a Richtung Spa, wou se Uschloss un d'Streck Pepinster-Spa hat.

D'Streck um belschen Territoire war 54 km laang an ass den 18. Februar 1867 a Betrib geholl ginn. Wéi nom Däitsch-Franséische Krich vun 1870 d'Preise sech am Elsass a Loutrengen d'Exploitationsrechter vun der Compagnie de l'Est ënner den Nol gerass hu goufen d'Strecke vum Wëllem net dovu verschount. Si goufe mat an d'Netz vun de Räichsbunnen an Elsass-Loutrengen integréiert an d'Lëtzebuerger konnte sech wéinst hirer Memberschaft am Däitschen Zollveräin net zevill dogéint wieren. An der Belsch war dat net de Fall an do hunn 1872 déi belsch Staatsbunnen d'Exploitatioun bis 1926 iwwerholl. Vun do un huet d'SNCB sech drëm gekëmmert.

Nodeem se 1959 tëscht Géronstère a Stavelot zougemaach gouf, sinn och d'Garen an d'Halten op deem Deel no an no ofgerappt ginn. Haut kann een nach just dat eent oder anert Gardshaischen, d'Reschter vun der Bréck zu Spa an d'Gare vu Sart an déi vun Hockai gesinn.

Iwwer d'Streck féiert haut de RAVel 44a.

D'Streck an der Nomenclature vun den SNCB-Linnen an d'Interpretatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Wann een et genee hëlt ass dës Streck, och wa se zu den éischten internationale Verbindunge vun der Belsch zielt, e Stéifkand an der Geschichtsschreiwung vun de belschen Eisebunnen. Wéi et schéngt hat se am Ufank mol keng eege Streckennumoratioun zougewise kritt, a sou geeschtert se lo an der Literatur op de Streckennumeroen erëm vu Strecken déi méi spéit gebaut goufen, oder déi méi laang funktionéiert hunn an deelweis haut och nach bedriwwe ginn a souguer op enger Phantasiestreckennummer vum RAVel. Dozou ziele bei den Eisebunnsstrecken d'Linn 42, Infrabel-Linn 44 an d'Vennbunnlinn 45.

D'Infrabel-Linn 42 déi haut als d'Streck Rivage-Gouvy bekannt ass, ass eréischt den 1. Juli 1890 definitiv op der ganzer Längt mam leschte Streckendeel vu Stoumont op Trois-Ponts opgaangen. Wann do jee eng Numerotatioun bestane sollt hunn, da war se spéitstens vun do un, fir den Deel vun der Grenz bis op Trois-Ponts vum Streckeplang verschwonnen.

D'SNCB-Linn 44 gëtt bei Bel.rail als Streck tëscht Pepinster a Stavelot beschriwwen, besteet awer haut nach just aus der Streck Spa-Pepinster an huet ier de Wëllem seng Streck gebaut hat och nëmme bis op Spa geféiert. Bei där Beschreiwung ass den Deel vu Stavelot op Trois-Ponts komplett ignoréiert ginn.

D'Vennbunnlinn 45 gëtt vu Bel.rail als Streck vu Waimes op Trois-Ponts deklaréiert a géif deemno de Streckendeel tëscht Stavelot an Trois-Ponts iwwerschreiwen. Dat ass awer historesch falsch well dee Streckendeel bis am Januar 1914 ouni d'Vennbunn auskoum, déi dat Joer eréischt den Uschloss un d'Gare vu Stavelot krut.

De RAVeL dee sech soss un der SNCB-Streckennumeréierung orientéiert nennt se da schliisslech PréRAVeL L44a a se huet deen Numero da vu Spa bis op Stavelot [1]. Op verschiddenen topographesche Kaarten ass dee PréRAVeL awer bis bei d'Eisebunnsbréck iwwer d'N68 bei Trois-Ponts agezeechent, an um Gardshaischen bei der Bréck dat do tëscht den zwou Strecke steet sinn d'Numeroe 45 a 44 affichéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. PréRAVeL 44a