Elysian Gates
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Elysian Gates ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp vun Äischen an der Gemeng Habscht,[1] déi am Summer 2010 gegrënnt gouf. De Stil vun der Grupp ass Symphonic Metal a Progressive Rock.[2] Hir Lidder sinn op Englesch, Lëtzebuergesch an Italieenesch.
D'Band ass beléift an der lëtzebuergesch Metal-Musekszeen. D'Lidd Seven Angels huet am August 2014 op déi éischt Plaz vun de lëtzebuergeschen iTunes Rock-Charts gepackt.[3]
Se hunn op Festivalle Rock um Knuedler (am Joer 2015)[4] a Food For Your Senses (2013)[5] gespillt.
Déi aktuell Membere (Stand: 2015–16) sinn d'Noémie Leer (Gesank), d'Sue Scarano (Gittar), de Guy Christen (Gittar), de Kim Sosson (Bass), den Thierry Sadler (Keyboards) an de Christian Praus (Batterie).
Discographie
Albumen
Singelen
- 2013: Looss mëch Kand sinn
- 2014: Northern Winds
- 2016: Crossroads
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ http://www.metal-archives.com/bands/Elysian_Gates/3540377919
- ↑ http://fuze.lu/bands/elysian-gates/
- ↑ http://www.wort.lu/de/kultur/luxemburger-metal-band-toppt-die-charts-elysian-gates-im-vorhof-des-paradieses-53ecbf00b9b398870805530a
- ↑ http://www.wort.lu/en/culture/luxembourg-city-that-was-rock-um-knuedler-2015-55a3754f0c88b46a8ce5c9ba
- ↑ http://www.openairguide.net/bands/33114/elysian-gates
- ↑ https://www.100komma7.lu/program/episode/126409/201605272100-201605272200
- ↑ http://www.rockportaal.nl/elysian-gates-crossroads/