Emil (Film)

Vu Wikipedia
Emil
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2010
Première 15. Abrëll 2010
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Marc Thoma
Dréibuch Pol Tousch
Fotografie Pierre Vandeninden
Musek Anselme Pau
Produzent Telesparks
Schauspiller
Yves Reuland
Félix Eischen
Pol Greisch
Colette Kosch
Christophe Umbach
Henri Fischbach
Nico Graf (voix off)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Emil ass e lëtzebuergesche Film vum Marc Thoma aus dem Joer 2010.

En ass de 16. Abrëll 2010 an de Kinoen ugelaf.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film spillt am Éislek, am Summer 1943, wärend der Besatzung duerch Nazi-Däitschland. Den Emil Schwirtz, deen an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert gi war, decidéiert, wéi en op Urlaub doheem ass, ze desertéieren. Op der Flucht geréit hien zesumme mat anere Refractairen an eng Schéisserei mat däitsche Gendaarmen. Zwéi Gendaarmen an och säi Frënd Félix Lux kommen dobäi ëm d'Liewen. Iwwer 500 Polizisten an Zaldoten duerchkämmen doropshin d'Géigend tëscht Eschduerf an Heischent, fir den Emil an déi aner Refractairen ze fannen. Déi Däitsch huelen 20 Geiselen a maache bekannt, se géife s'exekutéieren, dees, déi Gesicht géife sech stellen...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film baséiert op historeschen Tatsaachen. Den Emil Schwirtz, op deem sengem Tagebuch d'Dréibuch opgebaut ass, an deen 2008 gestuerwen ass, ass am Film an Interviewszenen ze gesinn.

Dem Produzent no hunn iwwer 10.000 Leit de Film an de Kinoen an an de Centre-culturellen am Land gesinn, an et goufen iwwer 8.000 DVD vum Film verkaaft.[1] Den CNA huet 6.534 Kinogänger gezielt.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Info" op engelcher.lu, gekuckt den 2013-01-02.
  2. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).