Entwécklungshëllef
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënner Entwécklungshëllef, oder Entwécklungszesummenaarbecht versteet een dat gemeinsaamt Beméie vun den Industrielänner fir an Entwécklungslännner d'Differenzen an der sozioökonomescher Entwécklung an an den allgemenge Liewensbedingunge weltwäit dauerhaft a wierksam ofzebauen.
Spender vun Entwécklungshëllef
[änneren | Quelltext änneren]Um weltwäiten Niveau, wéi (Auswiel):
[änneren | Quelltext änneren]- Internationale Wärungsfong (IMF)
- Weltbank an Ënnerorganisatioune wéi: International Entwécklungsassociatioun (IDA)
Um Niveau vun de kontinentalen Entwécklungsbanken, wéi:
[änneren | Quelltext änneren]- Asian Development Bank ADB)
- African Development Bank
- Inter-American Development Bank
- Banque Européenne pour la Reconstruction et le Développement (BERD)
Um spezifeschen Niveau vun der Europäescher Unioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Europäesch Zesummenaarbecht um Gebitt vun der Entwécklung huet mat de Yaoundé-Ofkommessen, déi tëscht der deemoleger Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft an hire fréiere Kolonien ofgeschloss gi waren, ugefaangen. Si hunn den Opbau vun enger fräier Handelszon virgesinn a goufe spéider duerch d'Lomé-Ofkommes an duerno duerch d'Cotonou-Ofkommes ofgeléist, dat fir méi eng laang Dauer - zwanzeg Joer mat enger Iwwerpréiwung vun de Vertragsklauselen all fënnef Joer.
1992 gouf dat Europäescht Amt fir humanitär Hëllef (ECHO) geschaf, fir méi séier an op eng méi flexibel Manéier humanitär Hëllef bei Katastrophen- an Noutfäll ze leeeschten. ECHO schafft mat méi wéi 200 Partner zesummen, déi e Partnerschaftsvertrag mat der EU-Kommissioun ënnerschriwwen hunn.
Zanter 2001 ass d'Europäescht Amt fir Zesummenaarbecht (EuropeAid) déi zentral Plaz fir déi praktesch Realisatioun vun der europäescher Entwécklungspolitik. EuropeAid verwalt d'Programmer an d'Projeten an allen Entwécklungslännner. D'Presidentschaft vun EuropeAid huet den EU-Kommissär fir Aussebezéiungen, an d'Duerchféierung de Kommissär fir d'Entwécklung:
- Yaoundé-Ofkommes,
- Lomé-Ofkommes,
- Cotonou-Ofkommes,
- ECHO - Europäescht Amt fir humanitär Hëllef
- Europäesch Investitiounsbank (EIB)
- Europäeschen Entwécklungsfong (EEF)
- EuropeAid
2007 hat d'Hëllef, déi vun EuropeAid verdeelt gouf, e Volume vu 6,7 Milliarden Euro. Dat waren 11,3 % vun all Entwécklungshëllef op der Welt.
Op europäeschem Plang muss een nach déi Hëllef derbäizielen, déi déi eenzel EU-Memberlänner ginn. Sou kënnt een op 60 % vun der weltwäiter Entwécklungshëllef am Ganzen. Zum Verglach: Den USA hiren Undeel ass 21 %.
Um Niveau vun den eenzele Länner
[änneren | Quelltext änneren]Um Niveau vun den NROen
[änneren | Quelltext änneren]Déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef
[änneren | Quelltext änneren]Déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef, verglach mam lëtzebuergesche Brutosozalprodukt, huet 2009 en international staark beuechte Spëtzenniveau vun iwwer engem Prozent erreecht, wéi aus dem follgenden Tableau ervirgeet. Domat ass Lëtzebuerg mat Holland an de skandinavesche Länner Dänemark, Norwegen a Schweden eent vu just fënnef Länner weltwäit déi méi wéi 0,7 % vum hirem BSP fir Entwécklungshëllef ausginn. Just Norwegen gëtt nach méi fir Entwécklungshëllef, a Verglach zu sengem BSP, aus.[1]:
Evolutioun vun der lëtz. Entwécklungshëllef, verglach mam BSP, a % (2000-07)[2] | |||
---|---|---|---|
Joer | Entwécklungshëllef an € | BSP an € | Verhältnes a % |
2000 | 133.433.659 | 19.170.400.000 | 0,70 |
2001 | 155.128.137 | 20.050.300.000 | 0,77 |
2002 | 155.735.183 | 19.897.900.000 | 0,78 |
2003 | 171.677.042 | 20.028.000.000 | 0,86 |
2004 | 188.981.534 | 23.987.300.000 | 0,79 |
2005 | 207.387.692 | 26.006.900.000 | 0,80 |
2006 | 231.510.318 | 25.799.600.000 | 0,90 |
2007 | 275.135.892 | 30.158.300.000 | 0,91 |
2008 | 287.679.785 | 29.753.900.000 | 0,97 |
2009 | 297.817.177 | 26.793.200.000 | 1,11 |
2010 | 297.817.177 | 27.730.962.000 | 1,09 |
Déi prioritär Länner vun der lëtzebuergescher Entwécklungshëllef
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
Lëtzebuergesch NROen, déi steierfräi Done kënne kréien (Stand September 2010)[3]
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Development aid reaches an historic high in 2010 Rapport (2007) iwwer d'lëtzebuergesch Entwécklungs-Zesummenaarbecht, erausgi vum Ausseministère (PDF)
- ↑ Rapport annuel vun der Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht, hei erofzelueden
- ↑ Lëtzebuergesch Steierverwaltung - Stand 10.10.2013 (gekuckt de 05.11.2013)