Ernst Öpik

Vu Wikipedia
Ernst Öpik
Gebuertsnumm Ernst Julius Öpik
Gebuer 22. Oktober 1893
USA
Gestuerwen 10. September 1985
Nationalitéit Estland, Russescht Keeserräich
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Komponist, Wëssenschaftler, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Astronomical Society, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences, Royal Irish Academy

Den Ernst Julius Öpik, gebuer den 22. Oktober 1893 zu Kunda, Estland a gestuerwen den 10. September 1985 zu Bangor, Nordirland, war een estneschen Astronom.

Liewen a Wierken[änneren | Quelltext änneren]

Den Öpik war am deemools russesche Reval (haut: Tallinn) an de Kolléisch gaangen an huet duerno op der Keeserlecher Universitéit Moskau studéiert. 1916 gouf hien Direkter vum astronomeschen Deel zu Taschkent (Usbekistan). Vun 1921 bis 1944 huet hien am Observatoire zu Tartu an Estland geschafft. Vun 1930 bis 1934 war hien am Harvard College Observatoire. Als fréiere Fräiwëllege vun der Russescher Wäisser Arméi war hie virun de Kommuniste fortgelaf.

Den Öpik war 1946 Matgrënner vun der Baltescher Universitéit zu Pinneberg a gouf hiren éischten Direkter. 1948 goung hien op Armagh an Nordirland, wou hie bis 1981 am Armagh Observatoire geschafft huet an eng Zäit och geschäftsféierenden Direkter war. Vun 1950 bis 1981 war hien Editeur vum Irish Astronomical Journal. Vun 1956 un hat hien eng Gaaschtprofessur op der University of Maryland, College Park. 1975 krut hien d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society an 1976 d'Bruce Medal. Den Asteroid (2099) Öpik ass no him genannt.

Dem Öpik säin Haaptfuerschungsgebitt waren d'Klengkierper vum Sonnesystem, wéi d'Asteroiden, d'Kometen an d'Meteoren. Awer och iwwer Planéiten-Atmosphären, de bannenzegen Opbau an d'Entwécklung vu Stären an aner astronomesch Theemen hat hie schonn fréi wichteg theoreetesch Usiichten, déi dacks eréischt Joerzéngte méi spéit allgemeng unerkannt goufen.

E puer bedeitend Aarbechten:

  • 1915 berechent hie fir d'éischt d'Dicht vun engem Wäissen Zwerg
  • 1922 huet hie Krateren um Mars virausgesot.
  • 1922 huet hien déi éischt korrekt Distanzbestëmmung vun engem aussergalakteschen Objet, dem Andromedaniwwel, gemaach.
  • 1932 huet hien eng Theorie iwwer den Urspronk vun de Koméiten opgestallt, an där hien d'Oort-Wollek ugekënnegt huet.
  • 1938 huet hien en theoreetesche Modell vun Zwergstären entwéckelt, aus deem hien hir Ëmwandlung zu Risestäre begrënnt huet.
  • 1952 huet hien eng nei Theorie vun den Äiszäiten opgestallt.

Säi Brudder war de Paleontolog Armin Alexander Öpik (18981983).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]