Eugène Wolff

Vu Wikipedia
Eugène Wolff
Den Eugéne Wolff
Gebuer 23. September 1865
Uewerpallen
Gestuerwen 22. Oktober 1908
Ancona
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Den Eugène Wolff, gebuer zu Uewerpallen den 23. September 1865, gestuerwen den 22. Oktober 1908 zu Ancona an Italien, war e lëtzebuergesche Professer, Historiker, Konschtkenner an Auteur.[1],[2]

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium zu Lëtzebuerg, Lille, Paräis a Berlin huet hien den 20. Oktober 1888 säin Doktorat zu Lëtzebuerg gemaach. Als Spezialitéit hat hie Franséisch a Latäin. Fir de Stage war hien zu Iechternach an duerno am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg, wou hien dann och seng ganz Carrière gemaach huet: Repetent (1891), Professer 3. Klass (1894), Professer 2. Klass (1904).[1]

Den Eugène Wolff war President vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal vun 1897 bis 1900. Hie war den Auteur vun enger Rei vun historesche Publikatiounen.

Säin Doud an Italien[änneren | Quelltext änneren]

Den Eugéne Wolff gouf zu Ancona begruewen, wou hien um Retour vun enger Studierees duerch Griicheland[3] krank gi war[4] a gestuerwen ass. Den 23. Oktober huet d'Wort den Doud vum Professer Wolff annoncéiert a seng Biographie kuerz ëmrass.[5] E Bericht iwwer säin Doud stoung och an der italieenescher Zeitung L'Ardine, Corriere delle Marche.[6]

Den 29. Oktober 1908 huet den Atheneum e feierleche Läichendéngscht fir den E. Wolff an der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg ofhale gelooss. Den Direkter Gust. Zahn huet eng Ried gehalen an den Nik Welter e Gedenkgedicht, dat hie fir déi Geleeënheet verfaasst hat, virgedroen.[7]

Dem E. Wolff seng Kolleegen aus dem Atheneum hunn eng Kollekt lancéiert, fir him e wierdegt Grafmonument zu Ancona opriichten ze loossen.[8] Um Graf vu senger Famill um Nikloskierfecht hänkt eng Gedenkplack vum Jean Mich.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Manuel d'histoire de l'art. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1907-1908 / Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg, Gymnasium = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1907-1908 / Athénée grand-ducal de Luxembourg, Gymnase. - Luxembourg: J. Beffort, 1908, S. 3-32.
  • Manuel d'histoire de l'art. Luxembourg: J. Beffort, 1908, 90 S.
  • Le siège de Luxembourg (28 avril-4 juin 1684) d'après des documents inédits. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1904-1905 / Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg, Gymnasium = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1904-1905 / Athénée grand-ducal de Luxembourg, Gymnase. - Luxembourg: J. Beffort, 1905, S. 3-52.
  • Sandro Botticelli: commentaire esthétique de son oeuvre. - Luxembourg: M. Huss, 1904, 17 S.
  • Le blocus de Luxembourg (1er août 1681-1er mai 1684). - Luxembourg: Athénée royal grand-ducal, 1903, Luxembourg, J. Beffort. - P. 4-54 ; 28 cm. - In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1902-1903 / Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg, Gymnasium = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1902-1903 / Athénée grand-ducal de Luxembourg, Gymnase. - Luxembourg: J. Beffort, 1903, S. 3-56.
  • Un humaniste luxembourgeois au XVIe siècle: Barthélemy Latomus d'Arlon (1498?-1570) (Bartholomaeus Henrici Lapicidae Arlunensis): sa vie et son oeuvre d'après des documents inédits. 1ère partie, (1498?-1541). - In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1901-1902 / Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg, Gymnasium = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1901-1902 / Athénée grand-ducal de Luxembourg, Gymnase. - Luxembourg: J. Beffort, 1902, S. 3-92, LXIV, [1].
  • Un humaniste luxembourgeois au XVIe siècle: Barthélemy Latomus d'Arlon (1498?-1570) (Bartholomaeus Henrici Lapicidae Arlunensis): sa vie et son oeuvre d'après des documents inédits. 1ère partie, (1498?-1541). - Luxembourg: J. Beffort, 1902, 92, LXIV S.

Den Eugène Wolff hat och de Katalog vun der grousser Franz-Heldenstein-Retrospektiv am Oktober 1907 an der Stater Märei (mat enger biographescher Notiz iwwer de Kënschtler) opgestallt.[9]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, Luxembourg, S. 77.
  2. Arendt, K., 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Zitéiert no der Neioplo vun 1972. Luxemburg, Ed. Kutter, S. 440.
  3. Cf. Luxemburger Wort 1908, Nr. 197 (15. Juli), S. 2 (Studienreise)
  4. Cf. Luxemburger Wort 1908, Nr. 293 (19. Oktober), S. 2 (Prof. Eugen Wolff) [1].
  5. Luxemburger Wort 1908, Nr. 297 (23. Oktober), S. 2 (Der Tod des Hrn. Prof. Eugen Wolff) [2].
  6. Luxemburger Wort 1908, 29. Oktober, S. 2
  7. Luxemburger Wort 1908, Nr. 304 (30. Oktober), S. 2 (Leichendienst und Trauerfeier für Herrn Prof. Eugen Wolff) [3].
  8. Luxemburger Wort 1908, Nr. 305/306 (31. Oktober), S. 2
  9. Heldenstein-Ausstellung. Luxemburger Wort 1907, Nr. 287 (14. Oktober), S. 2. [4]
    Kuck: Notice biographique [sur Franz Heldenstein] dans le Catalogue de l'Exposition Heldenstein, 1907 (zitéiert bei: * Zettinger, L. & Mersch, J., 1952. La famille Heldenstein. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fasc. 4, S. 539). [5]