Félicie Erpelding-Schlesser

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Félicie Erpelding-Schlesser
Gebuertsnumm Félicie Schlesser
Gebuer 27. Mee 1883
Uewerfeelen
Gestuerwen 6. Januar 1970
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei SDP (1903)
Famill
Bestuet mat François Erpelding
D'Félicie-Schlesser-Strooss zu Ettelbréck mat der Statu vun der Félicie Schlesser lénks am Bild

D'Félicie Erpelding-Schlesser, gebuer als Félicie Schlesser de 27. Mee 1883[1] zu Uewerfeelen a gestuerwen de 6. Januar 1970 an der Stad Lëtzebuerg[2], war eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin (Sozialdemokratesch Partei).

Si huet den 10. Januar 1905 de François Erpelding bestuet.

D'Félicie Erpelding-Schlesser war vun 1921 bis 1928 déi éischt weiblech Conseillere am Ettelbrécker Gemengerot[3].

Vun 1923 bis 1928 war si Comitésmember vum parti ouvrier. Si war weiderhi Vizepresidentin vun der Fédération des conseillers communaux ouvriers[4].

Als Undenken un d'Félicie Schlesser gouf 2015 zu Ettelbréck eng Strooss no hir genannt (rue Félicie Schlesser, L-9072) an am November 2021 eng bronze Statu an där Strooss opgeriicht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arlette Schmit, Im Zeichen der Gleichberechtigung, Luxemburger Wort vum 16. November 2021, S. 21

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Félicie Erpelding-Schlesser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsschäin 1883/14, Gemeng Feelen. Commune de Feulen (27.05.1883).
  2. Avis de décès 2 Page 9. In: Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 8 (08.01.1970), S. 9. [Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg, https://persist.lu/ark:70795/s8vx8srtc/pages/9/articles/DIVL1545]
  3. Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Archivéiert op 2020-02-01. Gekuckt de(n) 2020-03-05.
  4. Conseil National des Femmes du Luxembourg. Premières femmes dans les conseils communaux luxembourgeois. Édition 2005