Finy Estgen

Vu Wikipedia
Finy Estgen
Gebuertsnumm Finy Colling
Gebuer 15. Januar 1931
Beetebuerg
Gestuerwen 2. November 1990
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Nicolas Estgen

D'Finy Estgen, gebuer als Finy Colling de 15. Januar 1931 zu Beetebuerg a gestuerwen den 2. November 1990 an der Stad, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.[1]

No hirer Primärschoul zu Beetebuerg, war si bis zum Passage-Eaxamen um Fieldgen. Duerno huet si bis 1958 bei den Assurances Générales geschafft. Si war a verschiddene Berodungsprogrammer vun der Action familiale et populaire aktiv, wou sie hir Meenung iwwer d'Sexualerzéieung, d'Bestietnes an d'Partnerschaft, souwéi d'Kannererzéiung um Radio (RTL an DNR) an an den Zäitschrëften Télécran an D'Famill matgedeelt huet.

D'Finy Estgen huet haaptsächlech lëtzebuergesch a geleeëntlech och däitsch Geschichten a Gedichter, virun allem Naturlyrik, am Luxemburger Wort verëffentlecht. Vill vun hire Kannerlidder, déi vum Ivy Flesch-Weydert, Eugène Bley a Jos Kinzé vertount goufen, koumen op der Plack Déi heemlech Zäit an op der Kassett Nu loos et an dir stëll ginn eraus. Zesumme mam Lex Jacoby a mam Fränz Frising huet si an Dräizéng aus der Hatt, Seeërcher aus dem Nicolas Gredt sengem Sagenschatz des Luxemburger Landes op Lëtzebuergesch iwwersat.

D'Finy war mam Nicolas Estgen bestuet, an d'Koppel hat véier Kanner.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn, Fiche op autorenlexikon.lu.