Nicolas Estgen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nicolas Estgen
Gebuer 28. Februar 1930
Diddeleng
Gestuerwen 26. Dezember 2019
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Famill
Bestuet mat Finy Estgen


Den Nicolas Estgen, gebuer den 28. Februar 1930 zu Diddeleng a gestuerwen de 26. Dezember 2019 an der Stad Lëtzebuerg[1],[2], war e lëtzebuergeschen CSV-Politiker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nic. Estgen huet Literatur, Philosophie a Psychologie um fréiere Centre universitaire de Luxembourg an op der Sorbonne zu Paräis studéiert. Hie gouf duerno Enseignant am Lycée technique des arts et métiers an am fréieren Institut supérieur de technologie. E puer Joer méi spéit ass hien awer an den Educatiounsministère gewiesselt, wou en tëscht 1962 an 1978 haaptsächlech fir déi technesch Beruffsausbildung verantwortlech war. 1979 gouf hien Direkter vun der Dikrecher Hotelschoul.

An de spéiden 1960er Jore war hien uganks Generalsekretär an duerno, vun 1970 bis 1997 President vun der Action Familiale et Populaire.

Den Nic Estgen, deen och als Redakter fir d'Familljesäite vum Luxemburger Wort geschafft huet, krut e puer Auszeechnunge fir seng politesch Verdéngschter.

Hie war och Member vun ettlechen europäesche Vereenegungen a President vun den CSV-Senioren.

Hie war mat der Finy Colling bestuet (gestuerwen 1990) a Papp vu véier Kanner.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Vum 14. August 1979 bis den 18. Juli 1994 war den Nic. Estgen Member vum Europäesche Parlament[3], deem säi Vizepresident e vun 1982 bis 1984 a vun 1992 bis 1994 e war[4].

Den 31. Januar 1995 ass hie fir d'Erna Hennicot-Schoepges an d'Chamber nogeréckelt, wéi déi Ministesch gouf, a war do bis 1999 Deputéierten. Hien huet sech haaptsächlech fir d'Familljen- a Bildungspolitik agesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nicolas Estgen gestorben op wort.lu de 27. Dezember 2019
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort 2019-12-27/28 op gedenken.lu
  3. Les anciens Députés luxembourgeois op der Websäit vum Europaparlament
  4. Den Nicolas Estgen op der Websäit vum Europaparlament