Gallo-réimesch Befestegungsanlag Kaasselt
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Bech |
Koordinaten | 49°45'53,42"N, 6°19'19,67"O |
D'gallo-réimesch Befestegungsanlag Kaasselt läit an der Gemeng Bech, nërdlech vun der Schanz, op der Spëtzt vun engem Kamp, dee sech vum Steebierg beim Kuebebuer a Richtung Nordosten erstreckt. Am Osten ass se vun der Häerdbaach ofgegrenzt an am Nordweste vun zwou Schluchte vun 30 bis 35 m. Déift. De Kamp ass am Ufank 300 m. breet a leeft a Richtung Norde spatz aus.
D'Befestegungsanlag, déi haut nach gutt z'erkennen ass, mécht den nërdleche Wutz vum Kamp zou a bilt mat deenen zwou Fielssäiten, déi op eng Déift vu ronn 20 Meter erof falen, e verlängerten Dräieck mat enger Längt vun ongeféier 140 m. an enger Grondlinn vu ronn 80 m. Se besteet aus engem ca. 2 m. déiwe Gruef, dee ronn 110 m laang ass an un dee sech duerno e Wall vun engem Meter Héicht uschléisst. Dëse Wall fält no hannen op 3 m. of a bilt do d'Basis vun enger 93 m. laanger Dréchemauer déi eng duerchschnëttlech Breet vun 3,5 m. huet. Déi ganz Ofrigelung ass keng riicht Linn, mä se huet zwee Knécksen, sou datt déi bannenzeg Kant aus dräi Segmenter vu 40, 13 a 40 m. besteet. D'Mauer ass op béide Säite staark erweidert, warscheinlech fir der Befestegungsanlag am Hang e méi staarken Halt ze ginn.
Fonnstécker déi op Kaasselt fonnt goufen, huet de Jean Engling (1801–1888) fir d'éischt a sengem Aufsatz „Das Römerlager zu Alttrier" ernimmt. Et huet sech ëm en Äschekrou aus rouder Äerd mat Koffermënzen vum Konstantin, Constans an anere Keesere gehandelt. En engem Rapport vun 1856 ernimmt hien och en Hastee mat de Buschtawen MΑΙ ΜΑΙΝΑ. Am Joer 1895/6 ginn nach eng Rëtsch aner Inscriptiounen a Steefragmenter vu Skulpture beschriwwen. Den Nicolas van Werveke (1851–1926) huet ugeholl, datt dës Steng, déi als Spolia benotzt goufe fir d'Mauer ze bauen, vu Grafmonumenter aus dem Vicus Altrier stamen.
Accès
[änneren | Quelltext änneren]D'Visitt vun der Befestegungsanlag Kaasselt léisst sech vun der Heeschbreger Kapell aus gutt mam Steebroch Kaasselt verbannen
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesche Steebroch Kaasselt#Accès.
Vum Steebroch aus geet een iwwer den Auto-pédestre N° 2 virun, bis een um Plateau bei de Wall vun der Befestegungsanlag kënnt. Den Auto-pédestre leeft da weider a stéisst op den CR365. Wann een dann den Auto-pédestre verléisst an no lénks der Strooss no geet, kann een no ronn 320 m. lénks ofbéien an iwwer de macadamiséierte Wee zeréck op den Ausgangspunkt goen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Matthias Paulke, Jean Krier, und Raymond Waringo. Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxembourg: Centre national de recherches archéologiques, 2019. Print. ISBN 978-2-87985-535-6, S. 76-77.
- Raymond Linden, Eine römische Befestigungsanlage auf Hersberg „Kaasselt“ Edition Hémecht - Imprimerie Saint-Paul, Jg. 29, nº Heft 4 (1977)
- Reinhard Schindler, und Karl-Heinz Koch. Vor- und frühgeschichtliche Burgwälle des Grossherzogtums Luxemburg. Mainz am Rhein: Ph.v. Zabern, 1977. Print.
- Johann Engling, „Maria im Walde“ zwischen Alttrier und Hersberg, und die durch sie verdrängten Nehalennien: Ein Nachtrag zu dem Aufsatze „Das Römerlager zu Alttrier“. (Pl. I-III.). Luxembourg: V. Bück, 1860. Print.
- Johann Engling, System der einst mit dem Römerlager zu Dalheim verbundenen Chausséen und Chanzen. Luxembourg: V. Bück, 1871. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gallo-réimesch Befestegungsanlag Kaasselt – Biller, Videoen oder Audiodateien |