Gilbert Baker

Vu Wikipedia
Gilbert Baker
Gebuer 2. Juni 1951
Chanute
Gestuerwen 31. Mäerz 2017
New York
Doudesursaach koronär Häerzkrankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Kënschtler, LGBT-Aktivist, Designer
Partei Demokratesch Partei

De Gilbert Baker, gebuer den 2. Juni 1951 zu Chanute, Kansas (USA) a gestuerwen den 30. Mäerz 2017 zu New York City[1] war en US-amerikanesche Kënschtler an Aktivist vun der LGBT-Beweegung. Hien huet 1978 de Reeboufändel als weltwäite Symbol vun där Beweegung entworf.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Gilbert Baker war vun 1970 bis 1972 an der US-Army. Duerno huet hie sech selwer d'Schneiderhandwierk bäibruecht. Vun 1979 un huet hie bei der Paramount Flag Company zu San Francisco geschafft. Hien huet ënner anerem Entwërf gemaacht fir d'Dianne Feinstein, fir de Premierminister vu China, fir d'Staatspresidente vu Frankräich, vu Venezuela, vun de Philippinnen a fir de Kinnek vu Spuenien. Hien huet och Kreatioune fir verschidden zivilgesellschaftlech Evenementer grad ewéi fir d'Gay Pride zu San Francisco entworf.

Am Joer 1984 huet hie Fändele gemaacht fir d'Democratic National Convention. 1994 ass de Baker op New York City geplënnert. Dat selwecht Joer huet hie fir de 25. Joresdag vun de Stonewall Riots vun 1969 den deemools weltgréisste Fändel geschaf.

Fir de 25. Anniversaire vum Reeboufändel huet de Baker esou e grousse Fändel gemaach, dee vum Golf vu Mexiko bis op Key West gaangen ass. Deeler vun dësem Fändel huet de Baker duerno un 100 Stied op der Welt geschéckt.

De Baker huet dacks den Dragqueennumm "Busty Ross" benotzt. Dësen Numm bezitt sech op dem Baker seng Kreatioun vum Reeboufändel a mécht eng Verbindung zu der Betsy Ross, déi den éischte Fändel vun de Vereenegte Staate vun Amerika gebitzt soll hunn[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gilbert Baker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Erin Allday: Gilbert Baker, designer of gay pride rainbow batterie, dat.
  2. Gay Betsy Ross op Youtube