Heard- a McDonald-Inselen

Vu Wikipedia
Heard- a McDonald-Inselen
Geographie
Kontinent Antarktika
Land Australien
Läit an/am Indeschen Ozean
Koordinaten 53°5'38"S, 73°31'1"O
Fläch 368 km²
Héchste Punkt Mawson Peak (2.745 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Australien
Haaptuert keng
Demographie
Awunner 2
Awunnerdatum 1. Januar 2011
Aner Informatiounen
Entdeckt 27. November 1833
Zäitzon UTC+5
Internet TLD .hm

D'Heard- a McDonald-Inselen (englesch Heard Island and McDonald Islands) sinn en australescht Baussegebitt am südlechen Indeschen Ozean. Den Territoire huet déi offiziell Bezeechnung Territory of Heard Island and McDonald Islands.

D'Inselregioun gouf ursprénglech vum Vereenegte Kinnekräich beusprocht, ass awer 1947 un Australien iwwergi ginn. D'Insele gi vun der Australian Antarctic Division vum australesche Ministère fir Agrikultur, Waasser an Ëmwelt zu Canberra geréiert.

D'Gebitt steet zanter 1997 op der UNESCO Lëscht vum Weltierwen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Territoire besteet aus der Insel Heard mat der Nieweninsel Shag an aus de McDonald-Inselen, déi 43 km westlech dovu leien.

D'Gebitt läit 1.668 km nërdlech vun Ostantarktika, 3.843 km südwestlech vu Westaustralien a 4.205 km südëstlech vu Südafrika. Dat nooste Land sinn d'Kerguelen, 445 km am Nordwesten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heard- a McDonald-Inselen – Biller, Videoen oder Audiodateien