Henri Folmer

Vu Wikipedia
Henri Folmer
Gebuer 13. Juli 1933
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Abrëll 2023
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Lycéesprofesser
Famill
Kanner Françoise Folmer


Den Henri Folmer, gebuer den 13. Juli 1933 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 17. Abrëll 2023[1][2] an der Stad, war e lëtzebuergesche Sproocheprofesser an Direkter vum Kolléisch. Seng Duechter ass d'Françoise Folmer.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Folmer huet seng Kandheet an der Stad am Garer Quartier erlieft. No senger Première 1952 op der Sproochesektioun mat Latäin am Kolléisch, huet hie Sprooche studéiert, fir d'éischt op de Cours supérieurs an der Stad, duerno op den Universitéite Stroossbuerg, Paräis a München. Seng Fächer ware Latäin, Franséisch an Däitsch.

No sengem pedagogesche Stage gouf hien am Escher Jongelycée als Sproocheprofesser genannt.

Am Abrëll 1960 huet hie sech mat der Henriette Koch bestuet an si kruten zwee Kanner, d'Françoise an de Michel.

1967 koum hien als Professer an de Kolléisch an 1974 gouf hie conseiller pédagogique fir d'Sproochen am Kolléisch. Vun 1975 bis 1981 war hien och Professer fir klassesch Philologie um Centre universitaire.

1978 gouf hien directeur adjoint ënner dem Direkter Joseph Poeker, deen 1981 iwwerraschend gestuerwen ass. De 15. Abrëll 1981 gouf hien zum Direkter vum Kolléisch ernannt. Well hie seng Aarbecht als Direkter als net kompatibel mat der Aarbecht als Professer um Centre universitaire ugesinn huet, huet hien um Centre universitaire demissionéiert.

1993 ass hien an d'Pensioun gaangen an den Emil Haag gouf säin Nofollger als Direkter.

No senger Pensionéierung als Schouldirekter war hien am Optrag vum Ausseministère Member vun der diplomatescher Delegatioun bei der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 20. Abrëll 2023
  2. Jos Salentiny, Hommage à Henri Folmer, directeur honoraire de l'Athénée, Luxemburger Wort, 5. Mee 2023, S.37