Historiographie vum Krich an der Vendée

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée 

Verschidde Grënn a Fakteure goufe virbruecht fir de sougenannte "Krich an der Vendée" z'erklären. Zu där sensibler Fro, jee no Ideologie vun den Historiker a Schrëftsteller, goufen d'Quellen och gär instrumentaliséiert a manipuléiert. Zanter engem Joerhonnert huet d'Historiographie d'Fro op en Neits opgeworf.

Zanterhier koum et an der historescher Recherche zu groussen Evolutiounen, ënner anerem duerch d'Entwécklung vun der sozio-wirtschaftlecher Analys.

Sozio-wirtschaftlech Historiographie[änneren | Quelltext änneren]

An den 1920er Jore schreift den Albert Mathiez, datt d'Ursaache vum Opstand an der Vendée am Fréijoer 1793 an de wirtschaftlechen a soziale Konditioune vun där Zäit ze siche sinn[1].

Um Ufank vun den 1950er Joren huet de Marcel Faucheux gesot, déi déif Ursaache géife wäit iwwer d'Zivilkonstitutioun vum Klerus, d'Hiriichtung vum Louis XVI. oder d'Levée en masse erausgeoen, an datt dës Ursaache mam « Paupérisme vendéen » wéi hien et nennt, zesummegehaangen hunn. D'Revolutioun konnt d'Hoffnungen, déi an d'Generalstänn gesat goufen, net erfëllen: d'Métayers, déi majoritär an der Vendée waren, hunn net vun der Abolitioun vun den Härerechter profitéiert, déi een zeréckkafe konnt (bis 1793), a vun de Biens nationaux hunn haaptsächlech d'Bourgeoisie an d'Händler profitéiert. Vun dësem Standpunkt aus gesinn waren d'Revolutioun vun den traditionelle Strukturen, d'autoritär Reform vum Klerus an d'Levée en masse nëmmen nach déi lescht Drëps, déi d'Faass zum iwwerlafe bruecht huet[2].

De Paul Bois huet d'Fro verdéift, wéi e sech op Etüd vun der Sarthe baséiert huet, a besonnesch den Haass tëscht de Baueren an de Bierger ervirgehuewen, deen op e grousse Gruef tëscht Land- a Stadbevëlkerung hiweist, a scho virun der Revolutioun ze fanne war[3].

Dës Wierker goufe vun den Aarbechte vum US-amerikanesche Soziolog Charles Tilly confirméiert, fir deen den Opschwong vun de franséische Stied am 18. Joerhonnert an hir wirtschaftlech Aggresivitéit zesumme mat hirer Tendenz, d'lokal Politik u sech ze rappen, zu Resistenze bei der Landbevëlkerung gefouert huet, vun deenen de Krich an der Vendée d'Spëtzt war[4].

Kaart vun den Äerzbistümer a Bistümer an de Jore 1789 an 1802.

Den Albert Soboul huet Masse vu Bauere beschriwwen, déi predisposéiert waren, « à se dresser contre les bourgeois, très souvent fermiers généraux en ce pays de métayage, négociants en grain et acquéreurs de biens nationaux », Departementer am Westen déi nach ëmmer déif kathoulesch waren an d'Assimiliatioun vun de Bauere vum Lous fir d'Levée vun den 300 000 Männer fir d'Miliz. De Soboul konsidéiert « le caractère simultané du soulèvement autorise à penser qu'il fut concerté », an erkläert datt d'Baueren « n'étaient ni royalistes, ni partisans de l'Ancien Régime » an datt den Adel an enger éischter Phas iwwerrascht war, éier d'Aristokraten dësen Opstand fir sech ausgenotzt hunn[5].

Méi rezent huet de Jean-Clément Martin geschriwwen datt, wann d'Baueren zu der Géigerevolutioun iwwergaange sinn, sou war dat aus verschiddene Grënn jee no Provënz, mä si haten alleguer eppes gemeinsam: d'Schlagwierder "reliéis Uerdnung" a "kommunautär Verdeedegung". Dës Uerdnungsbegrëffer koumen duerch d'Laascht vun de Steieren an dem Fermage, der Verschlëmmerung vun de Konditioune fir d'Métayers, an dem Fakt, datt et de klenge ruralen Eliten net méiglech war, sech Biens nationaux ze kafen, well d'Bierger aus de Stied alles fir sech geholl hunn. D'rural Communautéiten hunn hir Autonomie zu Gonschte vun de Stied verluer, wou d'politesch an d'wirtschaftlech Muecht hire Sëtz haten. Si ware géint d'Zivilkonstitutioun vum Klerus, fir hir lokal Fräiheeten an hunn hir Paschtéier a reliéis Zeremonie verdeedegt. D'Spannunge si bis am Mäerz 1793 an d'Luucht gaangen, ouni datt en Opstand ausgebrach ass, bis zu deem Punkt, wéi d'Levée en masse eng Gelleënheet gebueden huet, fir sech géint d'Agente vum Staat zesummen ze dinn. Hire Mouvement huet un déi traditionell Jacquerien erënnert, Bande goufe gegrënnt un deenen hirer Spëtzt déi lokal Elite stoung, méi oder manner iwwerzeegt heivun.

An der Sarthe hu sech déi besser Bauere mat hiren Alliéierten erhuewen, hir Kompatrioten, déi vun de Stied ofhängeg waren, ware responsabel fir den Opstand an de Mauges. D'Chouans aus der Ille-et-Vilaine ware majoritär Métayers. An all dëse Fäll huet d'Verdeedegung vum kommunautäre Gläichgewiicht, dat duerch d'zivil a reliéis Gesetzer vun der Revolutioun gestéiert gi war, zu enger Revolt gefouert. De Royalismus war an de meeschte Fäll net sou wichteg, wéi zum Beispill am Midi an de Jore 1791-1792 an de perséinlechen Haass huet eng méi wichteg Roll gespillt. An de meeschte Fäll hunn d'Opstänn ugefaangen duerch « des règlements de compte, des chasses aux révolutionnaires et le pillage ».

Royalistesch Aktivisten, déi zu der ländlecher Elite gezielt hunn, hu sech den éische Revolten zwar ugeschloss, mä waren awer éischter a klenger Zuel ze fannen; den Adel vun der Géigerevolutioun huet sech wéineg mam Mouvement beschäftegt, am Mäerz 1793 waren d'Baueren net wierklech organiséiert an schlecht bewaffent.

"Tous sont surpris par la brutalité de la rébellion, la plupart hésitent à rallier les insurgés, certains même comme Charette doivent y être contraints par la force"[6].

Ausser der Thees vun engem "Komplott" tëscht Klerus an Adel stellt deJean-Clément Martin zesumme mam Roger Dupuy och den Antagonismus « Stad - Land » (deen et scho laang virun der Revolutioun gouf) a Fro, an den Ënnerscheed an der Natur vun den Urspréng vun der Chouannerie an de Grënn vum Krich an der Vendée[7].

Fir de Roger Dupuy, deen notéiert, datt déi rezent Historiographie « se dégage de l'optique étroite qui accordait au problème religieux une importance primordiale dans le processus du soulèvement », ass et « du côté de l'identité profonde des communautés paysannes » wou een d'Ursaache siche muss. De « soulèvement est d'autant plus exaspéré que la violence joue un rôle déterminant dans la constitution de cette identité »: Gewalt vum Misär, Gewalt vun de jonke Männer déi hir Éier verdeedege wollten, kollektiv Gewalt géint den Här, dee seng Privileegien ausgenotzt huet[8].

D'Approche vun der italieenescher Mikrogeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Andeems d'Approche vun der Mikrogeschicht bei dräi Pare vun de Mauges tëscht 1750 a 1830, am Häerze vun der « Vendée-militaire », benotzt ginn ass, huet d'Anne Rolland-Boulestreau eng Tabell vun de lokalen Notabele virun der Revolutioun opgestallt (grouss Métayers zu Neuvy oder zu Pin-en-Mauges, Händler zu Sainte-Christine), Notabeler, déi ëffentlech unerkannt waren: d'Membere vun dëse Famillen hunn ëffentlech Ämter bekleet (d'Cathelineau ware Sacristains vum Papp op de Jong), hunn als moralesch Kautioun vis-à-vis vun engem Nottär gezielt, a goufen dacks als Zeie bei Hochzäite geruff.

Nodeem d'Anne Rolland-Boulestreau d'franséisch Gemenge vis-à-vis vun der Revolutioun analyséiert hat, huet si bemierkt datt d'Notabele vun Neuvy a vum Pin och no 1789 un der Spëtzt vun hire Gemenge confirméiert waren, woubäi zu Sainte-Christine, enger Gemeng déi oppe fir den Handel war, a vill Handwierker hat, nei gesellschaftlech Uerdnungen zum Virschäi komm sinn. Zu Neuvy an am Pin hu sech d'Gemenge ronderëm den traditionellen Eliten zesummegezunn (déi wéineg Biens nationaux kaaft hunn), als Mauer géint d'Reformen déi d'Gemeinschafte betraff hunn. Zu Sainte-Christine, am Géigesaz, (wou d'lokal Notabele verschidde Lännereien opkafe konnten) goufen d'Reformen als Occasioun ugesinn, fir méi Wichtegkeet ze kréien, sou zum Beispill fir Chef-lieu vum Kanton ze ginn. 1792 hu sech déi traditionell Eliten net bei de Wale gewisen, an hunn domat hire Widderstand géint d'Evolutioun vun der Politik gewisen, an hunn hir Plaz fräi gemaach fir aner Notabelen, déi awer aus de selwechte Reseaue komm sinn. E Joer drop, wéi den Opstand ugefaangen huet, si 27 Männer, déi dem Cathelineau um Pin gefollegt sinn, an de Reseauen a Clientèle vun der Gemeng gewiescht (2/3 waren Handwierker, 1/3 Baueren). Zu Sainte-Christine waren d'Patriote virun allem Handwierker, déi rezent an d'Par komm waren, a wéineg integréiert waren.

Duerch den Opstand koum et och zu enger neier Soziabilitéit, a fir d'Vertraue vun der lokaler Bevëlkerung ze kréien, huet ee bal misse beim Opstand matmaachen. Zu Sainte-Christine, wou d'Bevëlkerung zimmlech gedeelt war, goufen d'Händlerelite vum lokalen Adel geschloen, déi a Funktiounen investéiert huet, un déi si virdrun ni geduecht hätt[9].

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Albert Mathiez, "La Gironde et la Montagne", Band 2 vun La Révolution française, Denoël, Coll. Médiations, n° 249, 1993.
  2. Marcel Faucheux, L'insurrection vendéenne de 1793. Aspects économiques et sociaux, 1953.
  3. Paul Bois Paysans de l'Ouest, 1960.
  4. Charles Tilly, The Vendée, a Sociological Analysis of the Counter Revolution of 1793, Harvard, 1964.
  5. Albert Soboul, La Révolution française, Gallimard, 1982.
  6. Jean-Clément Martin, Contre-Révolution, Révolution et Nation en France, 1789-1799, Éd. du Seuil, 1998.
  7. P. Mann, « Les insurrections paysannes de l'Ouest: Vendée et chouannerie », Revue Française de Sociologie, n° 30, Dezember 1989.
  8. Roger Dupuy, "La République jacobine. Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794", Band 2 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, Éd. du Seuil, S. 113-116.
  9. Anne Rolland-Boulestreau, Communautés rurales et Révolution (1750-1830). Les notables des Mauges, Presses Universitaires de Rennes, 2004.