Zivilkonstitutioun vum Klerus

Vu Wikipedia
Je jure de maintenir de tout mon pouvoir la Constitution, 1790. (Musée Carnavalet, Paräis)

D'Gesetz iwwer d'Zivilkonstitutioun vum Klerus (fr.: Constitution civile du clergé), wat den 12. Juli 1790 vun der Assemblée constituante gestëmmt gouf, sollt am revolutionäre Frankräich d'Konkordat aus dem Joer 1516 ersetzen.

D'Zivilkonstitutioun vum Klerus hat sech als Zil gesat, d'Kierch a Frankräich ze reorganiséieren, andeems d'kathoulesch Paschtéier « fonctionnaires publics ecclésiastiques », also Staatsbeamte sollte ginn.

Dem Historiker Timothy Tackett no huet dës Constitutioun d'Land op laang Zäit an zwee gedeelt. D'Loi sur l'abolition des vœux monastiques vum 13. Februar 1790, déi 100.000 Membere vum Klerus, déi net zu enger Par gehéiert hunn, ofgeschaaft huet, huet mat zu dësem Broch bäigedroen.

Redaktioun an Inhalt vun der Zivilkonstitutioun[änneren | Quelltext änneren]

De Louis de la Poipe, Curé vu Saint-Martin-des-Champs bei Morlaix, a gewielten Deputéierte vum Klerus am August 1788, huet bei der Assemblée constituante d'Kommissioun presidéiert, déi fir d'Zivilkonstitutioun zoustänneg war. Hie war spéider och den éische konstitutionelle Bëschof. Och den Abbé Grégoire war un der Redaktioun bedeelegt.

Constitution civile du Clergé, adresse de Mgr. Jacob, évêque de Saint-Brieuc, 30. Mee 1791 (Archives Départementales des Côtes-d'Armor, 10 L 183).

De Projet vun der Zivilkonstitutioun vum Klerus, deen den 12. Juli adoptéiert gouf, huet Follgendes gesot:

  • Déi al Institutioune goufen ofgeschaaft, souwéi och d'« bénéfices sans charge d'âme ».
  • D'Diözeesen an d'Pare goufen nei organiséiert, op der Basis vun enger Diözees pro Departement. Sou gouf d'Zuel vun den Diözeese vun 130 op 83 verklengert, an och d'Pare sollte restrukturéiert ginn.
  • D'Bëscheef an d'Paschtéier goufe vun de Gleewege gewielt, déi sech a lokale Walgemeinschaften zesummefonnt hunn.
  • D'Bëscheef ware vu peepstleche Vikaren ëmginn.
  • De Klerus gouf vum Staat bezuelt.
  • All Reliéis (Bëscheef, Paschtéier, Mönchen) haten zivil Rechter, déi hinnen erlaabt hunn, hire Posten oder hir Klouschtergemeinschaft ze verloossen.

An dësem System war keng Plaz méi fir de Poopst: seng Relatioun mat der Kierch vu Frankräich koum nëmmen iwwer ee vun den neie Bëscheef zustan, deen him e Bréif geschéckt huet, andeems hie säi Glawe bezeit huet.

Virun dësem Gesetz stoungen d'Membere vum Klerus ënner der Juridiktioun vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch, déi hinnen d'Zölibat operluecht huet, a verhënnert huet, datt si hire Besëtz un hir Famill konnte weiderginn, datt si wunne konnte wou si wollten, a fir de Klerus gouf et speziell Geriichter, d'Officialitas.

D'Zivilkonstitutioun vum Klerus, déi duerch de Gallikanismus inspiréiert war, wollt eng komplett Onofhängegkeet vun der Kierch vu Frankräich vis-à-vis vu Roum erreechen (ausser bei dogmatesche Froen). D'Organisatioun huet op d'zivil Administratioun opgebaut, d'Bistümer hunn den 83 Departementer entsprach.

Den Eed op d'Zivilkonstitutioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Eed op d'Zivilkonstitutioun vum Klerus. (BNF)

De 4. Januar 1791 hu sech d'Deputéierte vum Klerus an der Assemblée constituante versammelt, fir den Eed op d'Zivilkonstitutioun ze leeschten. Si goufen dacks duerch de Publik vun den Tribünen ënner Drock gesat. 80 Bëscheef hunn den Eed refuséiert.

« Je jure de veiller avec soin sur les fidèles qui me sont confiés, d'être fidèle à la nation, à la loi et au roi, et de maintenir de tout mon pouvoir la Constitution décrétée par l'Assemblée Nationale et acceptée par le roi. »[1]

De 7. Januar gouf d'Flicht vum Eed och an de Provënzen agefouert. All Sonde vu Januar bis Februar 1791 goufen, u verschiddenen Datumer jee no Diözees, Versammlungen ofgehalen, fir den Eed op d'Zivilkonstitutioun ze leeschten.

Quasi all d'Bëscheef an d'Hallschent vun de Curés huet refuséiert. An der Belsch, déi besat war, gouf et sechsmol méi "curés réfractaires" wéi "curés jureurs"[2].

D'Membere vum Klerus, déi net zu enger Par gehéiert hunn, an deemno als iwwerflësseg ("inutiles") ugesi goufen (bal 3/5 vum Klerus vum Ancien Régime) si gezwonge ginn, an d'Pensioun ze goen, oder sech dem Klerus vun der Par unzeschléissen, an den Eed ze leeschten.

Sou war Frankräich op reliéisem Plang an zwee gedeelt: de konstitutionelle Klerus an de refractaire Klerus.

Reaktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. Juli huet de Louis XVI. dem Projet hallefhäerzeg zougestëmmt. Den Décret d'application gouf am November gestëmmt, an de Kinnek huet dëse missen de 26. Dezember ënnerschreiwen.

D'Äntwert vum Poopst Pius VI.[änneren | Quelltext änneren]

De Poopst Pius VI. huet seng offiziell Äntwert an de Kuerznoriichten Quod aliquantum[3] (10. Mäerz 1791) a Caritas (13. Abrëll 1791) ginn. Hien huet d'Constitutioun verdaamt, « qui renverse les dogmes les plus sacrés, abolit les cérémonies les plus saintes et entraîne toutes sortes de calamités »[3]. Ausserdeem huet de Poopst geschriwwen, datt kee Gleewege méi drun zweiwele kéint, datt « cette nouvelle Constitution civile du clergé ne soit établie sur des principes hérétiques »[1]. Hien huet de Membere vum Klerus, déi hiren Eed nach net geleescht hate gesot, si sollen dëst och net maachen, an deenen, déi schonn den Eed geschwuer hate gesot, si solle widderruffen.

De Poopst Pius VI..

Sou koum et zu engem Schisma an der Kierch vu Frankräich tëscht konstitutionellen a refractaire Paschtéier, mä och zu engem Broch tëscht der Revolutioun an der kathoulescher Kierch.

Dëse Punkt huet zu Diskussiounen ënner de Reliounshistoriker gefouert. An enger Kuerznoriicht vum 2. Abrëll 1792 heescht et, datt den Numm vum Poopst benotzt gi wier, fir Bullen ze frabrizéieren, déi verbueden hätten, den Eed op d'Constitutioun ze leeschten, an domat zu Streidereien an der franséischer Kierch ze féieren. De Generalinquisitor vu Spuenien huet d'Kuerznoriicht vum 10. Mäerz 1791 als Fälschung deklaréiert.

De Klerus vis-à-vis vum Eed[änneren | Quelltext änneren]

Den Historiker Timothy Tackett notéiert, datt d'Proportioun vun de Refractairen am héije Klerus (Bëscheef) däitlech méi héich war, wéi am niddere Klerus (Paschtéier a Vikaren). Statistesch gesi ware beim niddere Klerus d'Vikaren éischter refractaire, wéi d'Paschtéier[4].

D'Regiounen un de Grenzen haten éischter eng refractaire Tendenz wéi d'Paräisser Regioun oder d'Regiounen am Zentrum. Dëst hat ënner anerem mat kulturellen Ënnerscheeder ze dinn, déi Regiounen haten dacks nach staark eege Sproochen (Bretagne, Elass, Süde vu Frankräich) ze dinn, soudatt d'Membere vun niddere Klerus éischter Problemer mam Versteestemech vun offiziellen Texter haten, awer koum och doduerch, datt den Entscheedunge vun der Haaptstad net ëmmer getraut gouf. D'Verbreedung vun den Iddie vun de Lumières war sécherlech och ee Grond fir d'Paschtéier, fir den Eed ze leeschten, oder och net. D'Presenz vun engem gallikaneschen a jansenistesche Klerus ronderëm Paräis kann och als ee vun de Grënn ugesi ginn, wéisou grad do sou vill Paschtéier mat der Constitutioun averstane waren.

Sou koum et a Frankräich zu zwéin Typpe vu Paschtéier:

  • Refractaire Paschtéier (fr.: prêtres réfractaires): D'kathoulesch Paschtéier, déi refuséiert hunn, den Eed op d'Zivilkonstitutioun vum Klerus ze leeschten. D'Majoritéit vun de Bëscheef an eng grouss Partie vun de Curés ware refractaire.
  • Konstitutionell Paschtéier (fr.: prêtres constitutionnels, assermentés, jureurs): D'Paschtéier, déi den Eed op d'Zivilkonstitutioun vum Klerus geschwuer haten. Zu den éischte Membere vum konstitutionelle Klerus huet den Talleyrand gezielt.

Den éischte konstitutionelle Bëschof war de Louis de la Poipe, Curé vu Saint-Martin-des-Champs bei Morlaix, Deputéierte vum Klerus am Joer 1788, deen d'Kommissioun vun der Assemblée constituante presidéiert huet, déi d'Zivilkonstitutioun ausgeschafft huet. Hie gouf zu Paräis 1790 vum Talleyrand zum Bëschof vu Quimper ernannt, huet awer missen den 22. Mee 1794 säi Liewen ënner der Guillotine loossen.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

Jacques François Joseph Swebach-Desfontaines, Désaffectation d'une église pendant la Révolution (1794).

E groussen Deel vun de refractaire Paschtéier waren un der Géigerevolutioun bedeelegt, an d'Patrioten hunn de Membere vum Klerus net iwwer de Wee getraut. Vill Katholicken, Baueren, Handwierker oder Bierger, déi den Drëtte Stand ënnerstëtzt haten, hu sech sou och der Oppositioun ugeschloss.

D'reliéis Fro huet och ganz Famillen an zwee gedeelt, an d'Paschtéier hunn hir Positioun als Ombudsmann verluer. D'Debatten hunn d'franséisch Gesellschaft an de sechs éischte Méint vum Joer 1791 op Trapp gehalen, an d'Land huet sech lues awer sécher an zwee gedeelt.

Den 29. November 1791 huet en Dekreet vun de refractaire Paschtéier verlaangt, den Eed ze leeschten, an der lokaler Administratioun d'Muecht ginn, d'Paschtéier ze deportéieren, wann et sollt zu Onroue kommen. Dës Froen hu virun allem am Weste vu Frankräich fir Onroue gesuergt (Bretagne, Vendée), a waren ee vun den Ausléiser vum Opstand vun der Vendée.

Mesure vun Dechristianisatioun hu sech a Frankräich an de Jore 1793 a 94 weider verbreet, zesumme mat der Entwécklung vum Kult vun der Vernonft a vum Héije Wiesen. Tëscht dem 31. Mee 1793 an November 1794 goufen d'kathoulesch Kierchen am Land zougemaach.

Fir d'refractaire Paschtéier gouf et eng batter Repressioun, virun allem ënner der Terreur.

Wale vun neie Paschtéier[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'refractaire Paschtéier z'ersetzen, hu misse Walen ofgehale ginn, fir nei Paschtéier erauszesichen. 80 Bëscheef goufe gewielt an ëm déi 20.000 Paschtéier goufen ersat. Den Abbé Grégoire, Curé an Deputéierten, deen un der Redaktioun vun der Zivilkonstitutioun vum Klerus bedeelegt war, gouf zu engem konstitutionelle Bëschof gewielt, a gouf Chef vun der konstitutioneller Kierch vu Frankräich.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Le Goff a René Rémond (Ersg.), Histoire de la France religieuse, Band 3: "Du roi très chrétien à la laïcité républicaine: XVIIIe-XIXe siècle", Éd. du Seuil, Paräis, 1991. (ISBN 2-02-051040-5)
  • Jean Leflon, Nicolas Philbert, évêque constitutionnel des Ardennes, Archives départementales, Mézières, 1954.
  • Gérard Pelletier, Rome et la Révolution française. La théologie et la politique du Saint-Siège devant la Révolution française (1789-1799), École française de Rome, Roum, 2004. (ISBN 2-7283-0680-X)
  • Timothy Tackett, La Révolution, l'Église, la France: le serment de 1791, Éd. du Cerf, Paräis, 1986. (ISBN 2-204-02582-8)
  • Augustin-Marie-Pierre Ingold, Grégoire et l'église constitutionnelle d'Alsace, A. Picard, Paräis, 1894.
  • Caroline Blanc Chopelin, De l'apologétique à l'Eglise constitutionnelle: Adrien Lamourette (1742-1794), Doktoratsthes, Universitéit Jean Moulin, Lyon, 2006.
  • Jean-Christophe Auger, Les catholiques et la Révolution française, Archives municipales de Vannes, Vannes, 1998. (ISBN 2-910330-04-4)
  • Henri Duthu, L'Église de France en péril: 1789-1830, Éd. Résiac, Montsûrs, 1994. (ISBN 2-85268-255-9)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Vgl. Annexe 3: 1789-1814: La Révolution française et Napoléon - Les mesures antireligieuses en France
  2. Vgl. Curé djureu
  3. 3,0 3,1 Quod Aliquantum
  4. Timothy Tackett, La Révolution, l'Église, la France: le serment de 1791, Éd. du Cerf, Paräis, 1986.