Hollännesch Karibik

Vu Wikipedia
Hollännesch Karibik
Aruba, Curaçao, Sint Maarten,
Karibescht Holland (vu West no Ost): Bonaire, Saba, Sint Eustatius
Geographie
Kontinent Nord- a Mëttelamerika
Land Holland
Verwaltung
Demographie
Aner Informatiounen
Zäitzon Atlantic Standard Time Zone

D'Hollännesch Karibik (hollännesch: Caribisch deel van het Koninkrijk) begräift follgend Inselen an Inselgruppen an der Karibik:

Zanter 1816 waren dës sechs Inselen duerch „definitiv“ Reegelunge vun den europäesche Muechten an hollänneschem Kolonial-Besëtz. Vun 1877 un goufe s'als Curaçao en Onderhorigheden bezeechent.

D'Hollännesch Karibik mat hire sechs Inselen ass net ze verwiessele mat dem Karibeschen Holland (Caribisch Nederland) dat just déi dräi Insele Bonaire, Sint Eustatius a Saba mat hire jeeweilegen Nieweninsele begräift. Als besonnesch Gemeng gehéiere se politesch zum europäeschen Holland, also dem Land um Nordmier. Se sinn deemno manner eegestänneg wéi eng Insel déi de Statut vun engem autonome Land huet.

Insel Haaptstad gehéiert geographesch zu Fläch (km²) Awunner (1. Januar 2023) Awunner / km² politesche Status
Aruba Oranjestad Inselen ënner dem Wand 180[1] 115.600[1] 642,2 autonoomt Land am Kinnekräich Holland (zanter dem 01.01.1986)
Bonaire Kralendijk Inselen ënner dem Wand 288[2] 24.090[3] 83,6 Besonnesch Gemeng (zanter dem 10.10.2010)
Curaçao Willemstad Inselen ënner dem Wand 444[4] 147.300[4] 333,8 autonoomt Land am Kinnekräich Holland (zanter dem 10.10.2010)
Saba The Bottom Inselen iwwer dem Wand 13[5] 2.035[3] 156,5 Besonnesch Gemeng (zanter dem 10.10.2010)
Sint Eustatius Oranjestad Inselen iwwer dem Wand 21[6] 3.293[3] 156,8 Besonnesch Gemeng (zanter dem 10.10.2010)
Sint Maarten Philipsburg Inselen iwwer dem Wand 34[7] 46.800[7] 1.376,5 autonoomt Land am Kinnekräich Holland (zanter dem 10.10.2010)
980 339.118

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hollännesch Karibik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (en)Aruba Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-08.
  2. (en)Lesser Antilles | Maps, Facts, & Geography | Britannica. www.britannica.com (2023-06-21). Gekuckt de(n) 2023-08-03.
  3. 3,0 3,1 3,2 (nl)CBS Statline. opendata.cbs.nl. Gekuckt de(n) 2023-08-03.
  4. 4,0 4,1 (en)Curaçao Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-08.
  5. (en)Saba | Caribbean, Volcanic, Nature Reserve | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-03.
  6. (en)Sint Eustatius | Facts, Culture, History, & Points of Interest | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-03.
  7. 7,0 7,1 (en)Sint Maarten Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-08.