Hugo Gyldén

Vu Wikipedia
Hugo Gyldén
Gebuer 29. Mee 1841
Helsinki
Gestuerwen 9. November 1896
Stockholm
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Mathematiker
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences

Den Johan August Hugo Gyldén, gebuer den 29. Mee 1841 zu Helsinki a gestuerwen den 9. November 1896 zu Stockholm war e schweedeschen Astronom.

De Gyldén koum als Jong vum Professer fir griichesch Sprooch, dem Nils Abraham Gyldén op d'Welt. Hien huet 1860 säi Magisterexamen a Philosophie zu Helsinki ofgeluecht. Dat Joer drop huet hie sech mat theoreetesche Studien zu Gotha beim Peter Andreas Hansen beschäftegt a sech duerno um Observatoire vu Pulkovo weidergebilt. Schonn 1863 gouf hien do ugestallt an 1865 zum "eeleren Astronom" ernannt.

1871 ass de Gyldén op d'Universitéit Stockholm schaffe gaangen, wou hien Direkter vum akadeemeschen Observatoire Stockholm gouf. An där Zäit huet hien do och enseignéiert.

Bekannt gouf hien duerch seng Aarbechten um Gebitt vun der Himmelsmechanik, déi deelweis vun aneren Astronomen, wéi z. B. de Martin Brendel, opgegraff an ergänzt goufen.

Nom Gyldén goufen den Asteroid (806) Gyldenia an de Moundkrater Gyldén genannt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Untersuchungen über die Konstitution der Atmosphäre. Sankt Petersburg (18671870)
  • Studien auf dem Gebiet der Störungstheorie. Bd. 1 Sankt Petersburg (1871)
  • Die Grundlehren der Astronomie nach ihrer geschichtlichen Entwickelung dargestellt. (1874)
  • Recueil de tables contenant les développements numériques à employer dans le calcul des perturbations des comètes. Stockholm (1877)
  • Versuch einer mathematischen Theorie des Lichtwechsels der veränderlichen Sterne. Helsinki (1880)
  • Undersökningar af theorien för himlakropparnas rörelser. Stockholm (18811882)
  • Die intermediäre Bahn des Mondes. Stockholm (1883)
  • Untersuchungen über die Konvergenz der Reihen, welche zur Darstellung der Koordinaten der Planeten angewendet werden. Stockholm (1887)
  • Nouvelles recherches sur les séries employées dans les théories des planètes. Stockholm (1893)
  • Traité des orbites absolutes des huit planètes principales. Bd. 1 Stockholm (1894)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]