Hyakutake

Vu Wikipedia
C/1996 B2 (Hyakutake)
Koméit C/1996 B2 (Hyakutake)
Orbittyp laangperiodesch
Grouss Hallefachs ~2350
Perihel 0,230 AE
Aphel ~4700 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.99990
Perihelduerchgank 1. Mee 1996
Ëmlafdauer ~114.000 Joer
Ëmlafvitess 87,83 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser 2 km
Entdecker Y. Hyakutake
Entdeckungsdatum 30. Januar 1996
Aner Bezeechnungen

De Koméit Hyakutake (offiziellen Numm: C/1996 B2) ass e laangperiodesche Koméit, deen een am Joer 1996 mat bloussem A konnt gesinn. Hie gouf och De Grousse Koméit vun 1996 genannt.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit gouf den 30. Januar 1996 vum japaneschen Amateurastronom Yūji Hyakutake entdeckt. Et war den zweete Koméit ënner dësem Numm. Deen éischten, C/1995 Y1, war vum Hyakutake nëmme wéineg Woche virdrun entdeckt ginn. Wärend hie säin éischte Koméit weider observéiert hat – dee war ni mat bloussem A ze gesinn – hat hien zu senger grousser Iwwerraschung dësen zweete Koméit op bal der selwechter Positioun, wou hie schonn deen éischten entdeckt hat, fonnt.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit Hyakutake leeft op enger extreem laanggestreckter, elliptescher Ëmlafbunn ëm d'Sonn. De sonnenächste Punkt vun der Bunn (Perihel), deen de Koméit den 1. Mee 1996 duerchlaf hat, läit mat 0,230 AE nach bannent der Bunn vum Planéit Merkur, wärend de sonnewäiteste Punkt (Aphel) mat ongeféier 4700 AE bal 1/10 Liichtjoer vun der Sonn ewech ass. Seng Bunn ass ronn 55° géint d'Ekliptik gebéit. Well sech den Hyakutake awer retrograd (réckleefeg) ëm d'Sonn beweegt, gëtt Bunnschréi mat 125° uginn.

D'Bunn vum Koméit gouf duerch d'Gravitatiounswierkunge vun de Gasrise wärend sengem Passage 1996 sou staark gestéiert, datt sech seng Bunnperiod vu ronn 8000 Joer (bei enger Apheldistanz vu ronn 800 AE) virun dëse Bunnstéierungen op ongeféier 114.000 Joer verlängert huet.

Visualitéit[änneren | Quelltext änneren]

Schonn déi éischt Bunnbestëmmungen hate gewisen, datt de Koméit zimmlech no laanscht d'Äerd zéie géif, op enger Distanz vun nëmmen 0,109 Astronomeschen Eenheeten. Well den 1995 entdeckte Koméit Hale-Bopp schonn als méigleche grousse Koméit ugekënnegt war, haten d'Astronomen allerdéngs e bëssi Zäit gebraucht, fir sech doriwwer kloer ze ginn, datt och den Hyakutake e spektakuläert Ereegnes kéint ginn.

Röntgenfoto vum Koméit Hyakutake

Mëtt Mäerz war de Koméit nach zimmlech onopfälleg. Hien hat eng visuell Magnitude wéi e Stär vu 4. Gréisst a säi Schwäif hat eng Längt vu ronn 5°. Wou hien der Sonn an der Äerd méi no koum, gouf hie ganz séier méi hell a säi Schwäif gouf ëmmer méi grouss. Bei sengem Passage bei der Äerd, de 25. Mäerz 1996 war hien ee vun den hellsten Objeten um Nuetshimmel a säi Schwäif hat eng Längt vu 75° iwwer den Himmel. D'Koma hat eng däitlech visuell blo-gréng Faarf.

Well den Hyakutake nëmmen e puer Deeg mat senger grousser Hellegkeet ze gesi war, konnt hien awer dat ëffentlecht Interessi net sou staark op sech zéien, wéi de Koméit Hale-Bopp am Joer duerno.

D'Ulysses-Raumsond war ongeplangt an onerwart am Mee 1996 duerch de Schwäif vum Koméit geflunn. Baséierend op dësem Event, gouf d'Schwäiflängt op ronn 500 Millioune Kilometer bestëmmt. Observatioune vun der Äerd hunn d'Existenz vun Ethan a Methan am Koméit festgestallt. Et war déi éischt Kéier, datt déi béid Gasen an engem Koméit nogewise goufen. Mat dem Röntgensatellit ROSAT gouf och festgestallt, datt den Hyakutake Röntgenstralen fortgeschéckt huet, wat och nach bei kengem anere Koméit bis elo gesi gouf. Radarmiessungen vum Goldstone-Observatoire hu gewisen, datt de Koméitekär nëmmen 2 km grouss war. Observatioune mam Hubble-Weltraumteleskop hunn erkenne gelooss, datt sech kleng Bruochstécker vum Koméitekär geléist hunn, déi dann hiren eegene, kuerze Schwäif formten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hyakutake – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie