Indesche Lotus

Vu Wikipedia
Indesche Lotus
eng Grupp vun Indesche Lotussen
An anere Sproochen fr: lotus sacré, lotus d'Orient
de: indische Lotosblume
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Dikotyledonen
Ënnerklass Rosopsida
Uerdnung Protales
Famill Nelumbonaceae
Ënnerfamill Nelumbonoideae
Gattung Lotusblummen
Wëssenschaftlechen Numm
Nelumbo nucifera
Gaertn., 1788
zoue Blumm
zoue Blumm
Blumm an der Bléi
Schäinfruucht

Den Indesche Lotus (Nelumbo nucifera, Syn.: Nelumbium speciosum) ass eng Planzenaart aus der Gattung vun de Lotusblummen (Nelumbo), bannent der Famill vun den Nelumbonaceae.

Den Indesche Lotus kënnt ursprénglech an engem Streech vun Indien bis a Japan, südlech bis a Korea an den Norde vu Südostasien vir, isoléiert och ronderëm den Aralséi an d'Kaspescht Mier. D'Mënschen hunn d'Planz südlech bis an Nordostaustralien an an Nord- a Südamerika verbreet.[1]

Symbolik[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Lotus ass déi helleg Blumm vun den orientalesche Reliounen (Buddhismus, Bramhanismus; kuckt och de fransiéschen Numm Lotus sacré), an deenen d'Gottheeten op engem Lotusblummentroun duergestallt ginn. Och an der indescher Konscht an Architektur spillt dëse Lotus eng Roll, z. B. beim Bau vu janieschen Tempelen am Rajasthan.

D'Hinduen associéieren d'Lotusblumm (Padma) mam Schëpfungsmythos a mat de Gëtter Vishnu a Brahma, sou wéi de Gëttinne Lakshmi a Sarasvati. An der Hindi-Sprooch heescht de Lotus Kamal (कमल) an ass e beléifte Virnumm fir Jongen (weiblech Form: Kamala)

Bei de Chinese symboliséiert de Lotus d'Rengheet an d'Eleganz, bei de Buddhisten d'Rengheet vum Kierper, vum Schwätzen a vum Geescht.

En ass am Fändel vu Macao ofgebilt an et ass och déi national Blumm vun Indien a vum Vietnam.

Als Kascht[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuerzelknolle gi gedréchent, zu Miel geriwwen, an da gekacht a mat Esseg a Sojazooss dobäi zervéiert. Jonkt Geleefs a Stiller ginn als Geméis gekacht. De Som gëtt frësch, kandéiert oder gereechert als Geknabbers oder an der Zopp giess.[2] Och Téi kann een draus maachen.

Den Indesche Lotus spillt och eng wichteg Roll an der traditioneller chineesescher Medezin.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nelumbo nucifera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hinweise zur Verbreitungsgeschichte
  2. Dericks-Tan und Vollbrecht: „Auf den Spuren der Wildfrüchte in Europa“. Abadi Verlag Alzenau, ISBN 978-3-00-021129-4, S. 145