Jean-Paul Harpes

Vu Wikipedia
Jean-Paul Harpes
Gebuer 1934
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Juli 2017
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal

De Jean-Paul Harpes, gebuer 1934 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 27. Juli 2017, war e lëtzebuergesche Professer fir Philosophie.[1]

Hien huet op der Sorbonne zu Paräis studéiert, wou en 1957 promovéiert gouf. Vun 1958 bis zu senger Pensionéierung war hie Professer fir Philosophie a Latäin am Kolléisch. Vun 1969 u war hien och Professer um Centre universitaire de Luxembourg, vun deem en tëscht 1987 an 1997 Vizepresident war.

Seng Schwéierpunkten an der Fuerschung waren d'theoreetesch Eethik, d'Theorie vun der Demokratie, Bioeethik a Mënscherechter.

De Jean-Paul Harpes war President vun der nationaler Eethikkommissioun. Hien huet jorelaang am Radio 100,7 Emissiounen iwwer eethesch Froe moderéiert. Zanter 1968 war de Professer J.-P. Harpes effektive Member, an och laang Member vum Verwaltungsrot, vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal. Hien huet eleng an de Publikatioune vun där akadeemescher Institutioun wéinstens eng Dosen Artikele publizéiert.[2]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • La méthode dialectique de Marx à l'époque de la genèse du Capital; in: Institut grand-ducal - Actes de la Section des Sciences morales et politiques (IGD-ASSMP); vol. IIIB (1986).
  • Instantanés; in: 400 Joer Kolléisch, Bd. IV (Hommage à l'Athénée); Lëtzebuerg (éditions Saint-Paul), 2003; Ss. 119-123.
  • Les comités d'éthique; in: IGD-ASSMP; vol. X (2007).
  • Introduction au Colloque sur l'euthanasie; in: IGD-ASSMP; vol. XII (2009).
  • L'anthropologie structurale de Claude Lévi-Strauss; in: IGD-ASSMP; vol. XV (2012).
  • L'étonnant parcours intellectuel de Jürgen Habermas. De la proximité au marxisme à une vigoureuse défense philosophique et sociologique aux multiples facettes de la démocratie; in: IGD-ASSMP; vol. XIX (2016).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Campagna, Norbert, 2020. Le contextualisme éthique. Jean-Paul Harpes s'intéressa à un nouveau développement de la philosophie morale. Die Warte 44|2644 vum 12. Mäerz 2020, Ss. 2-3.
  • André Elvinger, Éloge à Jean-Paul Harpes; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques (Institut grand-ducal); Band XXI (2018), Ss. 252-254.
  • Norbert Campagna, Adieu Jean-Paul!; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques (Institut grand-ducal); Bd. XXI (2018), Ss. 255-259.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Jean-Paul Harpes ist tot." wort.lu, 28. Juli 2017 um 07:29.
  2. Institut grand-ducal - Actes de la Section des Sciences morales et politiques; volume XX, Luxembourg 2017; S. 280.