Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Bauer

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Bauer
Gebuer 15. Juni 1888
Neiduerf
Gestuerwen 3. Mäerz 1964
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Eisebunner, Gewerkschaftler
Partei LSAP
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Member vun der Assemblée consultative vun 1945

De Jean-Pierre ("Jempy") Bauer, gebuer de 15. Juni 1888 am Neiduerf (deemools Gemeng Eech), a gestuerwen dem 3. Mäerz 1964 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker an Eisebunner[1].

Hien hat fir Schlässer geléiert. No e puer verschiddene Patronen, vun 1902 bis 1913, ass hie bei d'Guillaume-Luxembourg-Eisebunn schaffe gaangen. Hie gouf do 1919 Heizer, an 1938 Lokomotivféierer. 1946 gouf e pensionéiert.

De Jempy Bauer war Grënnungsmember vun der Eisebunnergewerkschaft FNC. 1937 huet hie bei de Gemengewalen an der Stad Lëtzebuerg kandidéiert a gouf zum Gemengerotsmember gewielt, a bis 1963 erëmgewielt.

Bei de Chamberwale vum 6. Juni 1937 gouf hien eng éischt Kéier fir d'Sozialistesch Partei an d'Chamber gewielt, a blouf Deputéierte bis 1959 (mat Ausnam vun de Krichsjoren 1940-1945).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.27.