Jean-Pierre Kayser

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jean-Pierre Kayser (Dechen))
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Jean-Pierre Kayser
Gebuer 25. Juli 1873
Méchelbuch
Gestuerwen 5. Juni 1946
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean-Pierre Joseph Kayser, gebuer de 25. Juli 1873[1] zu Méchelbuch a gestuerwen de 5. Juni 1946 zu Miersch, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.

De Jean-Pierre Kayser ass den 10. August 1898 zum Priister geweit ginn. Bis 1908 war hie Vicaire zu Weimeschkierch an dono Paschtouer zu Rammerech (1908-1913)[2], Keel (1913-1920) [2] an dono Paschtouer vun der Sankt-Jousefspar vun Esch-Uelzecht (Juni 1920 - 4. Sept. 1929). Déi zwou lescht Pare schénge besonnesch schwiereg gewiescht ze sinn; am Noruff am „Wort“ heescht et nämlech:

„Die geistliche Oberbehörde betraute ihn 1913 mit der schwierigen Seelsorge in Kayl, wo er in den schlimmen Notzeiten des Krieges und der Nachkriegszeit Großes leistete. 1920–29 wurde Pfarrer Kayser mit dem aufreibendsten Posten des Bistums betraut, der Pfarrei St. Joseph in Esch-Alzette.“

Am September 1929 ass de J.-P. Kayser als Dechen op Iechternach komm, wou hie sech ëm d'Restauratioun vun der Basilika gekëmmert huet. A seng Zäit als Dechen ass d'900-Joerfeier vun der Basilika (1931) gefall[3] an déi 12. Joerhonnertfeier vum Willibrord sengem Doud. 1935 ass hie Chanoine honoraire genannt ginn. De J.-P. Kayser war President vum Opsiichtsrot vum Heliar-Institut an der Weilerbaach.[3] 1941 huet hie sech als Pensionnaire op Miersch zréckgezunn.[4]. Hie war Chevalier am Ordre de la couronne de chêne.[3] De J.-P. Kayser ass den 8. Juni 1946 zu Méchelbuch begruewe ginn.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., J. Zieser & A. Koenig, 1930. Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg, 180 S. + 77 S. (Veröffentl. in den Jahrgängen 1922-1929 der Zeitschrift „Ons Hémecht“).
  • Didier, N., 1940. Die berufenen Wächter am Grabe des heiligen Willibrord im 19. und 20. Jahrhundert. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei: 394-420, Tafel LXXIV-LXXV (Fig. 1-5). [Neuaufl. 1958].
  • Flies, J., 1979. Das andere Esch – An der Alzette. Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 1302 S. [Jean-Pierre Kayser, S. 594-596].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuerteregëster Vichten 1873, Nr. 13; K. 1939; Didier 1940; Flies 1979, S. 594, also net 1874, wéi dat an der Doudesannonce (Luxemburger Wort 1946-06-06, S. 3.) an am Luxemburger Wort 1946-06-08, S. 5 (Ehrendomherr J. P. Kayser †) steet. – Am Gebuertsakt huet de Beamten dem Papp säin Numm mat «i» («Kaiser») geschriwwen; de Papp ënnerschreift awer mat «y» («Kayser»).
  2. 2,0 2,1 Blum et al. 1930
  3. 3,0 3,1 3,2 Didier 1940.
  4. Flies 1979, S. 594.
  5. Wort 1946.